D'ADR géing Fakte verkennen a wéilt alles beim ale beloossen, mä dat géing net goen.

D‘Alphabetiséierung op franséisch bréngt eng Francophoniséierung vum Land, an amplaz d‘Integratioun ze fërderen, géing den Educatiounsminister Claude Meisch mam Projet Alpha d‘Gesellschaft splécken. Dës Kritik formuléiert den ADR-Fraktiounschef Fred Keup um Méindeg de Moien hei op RTL.

"Mir hu schonn eng Francophoniséierung vun der Gesellschaft an lo soll och nach d'Schoul kommen. Ech mengen, dass mer domat eis Méisproochegkeet, d'Lëtzebuergescht an och dat Däitsch laangfristeg verléieren. Dat wäert d'Identitéit vum Land ganz staark beanträchtegen an d'Gesellschaft wéi se funktionéiert. Et muss ee sech bewosst sinn, wéi mat Tricksereie vum Här Meisch virgaange gëtt. Lues a lues, sou datt keen eppes mierkt. Mir baue keng normal Lycéeë méi, just nach international Schoulen. Et ass eng Implodéierung vun eisem Schoulsystem wéi mer e kannt hunn an dee Garant fir d'Zesummeliewen, d'Integratioun an d'Bäibehale vun eiser traditioneller Méisproochegkeet war."

 
Aussoen, déi de liberalen Educatiounsminister net esou wëll stoe loossen. Op Nofro hi sot de Claude Meisch eis, datt de Fred Keup Saache géing behaapten, déi net stëmmen an hie géing e grousse Problem ignoréieren.

"Dat seet Pisa, de Lucet an de Bildungsbericht vun der Uni.lu: Auslännesch Kanner sinn an eisem Schoulsystem benodeelegt. Dat wëlle mer änneren. Mir hätte gäre fair Bildungschancë fir all Kand, onofhängeg vun de kulturellen a sproochleche Wuerzelen. Dat ass eng Fro vun der Mënschlechkeet a vun der Ethik. Ech denken, datt et dofir eis Flicht ass an ekonomesch och gefuerdert ass, datt bei all Kand de Maximum vu sengem Potential kann entwéckelt ginn."
 
Et géing net stëmmen, datt Kanner getrennt ginn, 2/3 vun den Unterrechtsstonne wiere se beieneen an a bal der Hallschent vun de Stonne kéinten d‘Schüler Lëtzebuergesch schwätzen. Et kéim also net zu enger Francophoniséierung vum Schoulsystem.

D‘ADR géing Fakte verkennen a wéilt alles beim ale beloossen, mä dat géing net goen. Hei hätt een et mat Politiker ze dinn, déi net méi just riets-konservativ sinn, sou nach de Claude Meisch.