Schroen Accident e Méindeg de Moie géint 9.20 Auer. Op der Streck tëscht Gonnereng an dem Waldhaff hatt et zolidd gerabbelt.

Et schéint es, wéi wann een Auto en aneren op der Bäifuerersäit ze pake krut.

Wéi de CGDIS schreift, huet eng Persoun mussen aus dem Auto erausgeschnidde ginn. Rieds ass vun engem schwéier Blesséierten an engem méi liicht Blesséierten.

Op der Plaz waren nieft dem Stater Samu och nach Ambulanzen aus der Stad a vu Jonglënster, grad ewéi d'Pompjeeë vu Jonglënster a vun Nidderaanwen-Schëtter.

Duerch den Accident koum et zu Perturbatiounen am Trafic an deem Beräich.

Um Kuerz viru 7 Auer ass tëscht dem Grondhaff an dem Mëllerdall en Auto bäigaangen. Zwou Persoune goufe verwonnt.

Kuerz no 7 Auer ass zu Esch an der rue d'Audun eng Persoun vun engem Auto ugestouss ginn. De CGDIS mellt hei ee Blesséierten.