"Implodéierung vun eisem Schoulsystem, wéi mer e kannt hunn"
E Méindeg de Moie waren ënner anerem Defense-Pläng vun der Regierung Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
D'Oprëschtung wier de falsche Wee, fir mam Krich an der Ukrain ëmzegoen. An den nächste 4 Joer solle 5,5 Milliarden an d'Defense gestach ginn. Dat wier ganz vill Geld, dat besser op anere Plazen investéiert wier, kritiséiert den ADR-Fraktiounschef e Méindeg de Moien. De Fred Keup war eisen Invité vun der Redaktioun. D'ADR wier prinzipiell géint de Krich a fir Fridden. De Krich hei géing an d'Längt gezu ginn. Et hätt ee schonn ganz am Ufank kënnen e Waffestëllstand erreechen, mee dat wier net gewollt gewiescht vun verschiddene westleche Länner.
Skeptesch punkto Retour an d'Lëtzebuerger Ekonomie
D'Lëtzebuerger Arméi soll operationell sinn, mee mir si géint dëse "Rüstungswettkampf", deen enorm vill Geld kascht, sou den Invité. De Plang vun der Regierung ass et, fir souvill wéi méiglech Retour vum Defensebudget an d'Lëtzebuerger Ekonomie ze kréien. Also och d'Méiglechkeet, eng Waffeproduktioun zu Lëtzebuerg opzebauen. "Ech sinn do ganz skeptesch", sou de Fred Keup. Do wäert just e ganz klengen Deel an der Lëtzebuerger Wirtschaft hänke bleiwen. D'Regierung géing natierlech probéieren, dat esou ze verkafen, mee et misst ee sech bewosst sinn, dass d'Rüstungsindustrie eppes ganz komplexes wier. Et wäert een net ufänken, zu Lëtzebuerg modern Kampffligeren oder Panzeren ze bauen. Wann et gutt geet, kéint een iergendwou erakommen an eng Liwwerketten, mee vill méi wier do net méiglech.
Wirtschaftswuesstem ouni Bevëlkerungswuesstem
Mir bräichten de Wirtschaftswuesstem, mee de Problem wier den onkontrolléierte Bevëlkerungswuesstem, sou de Fred Keup. Grad mat der Digitaliséierung kéint ee versichen ze wuessen, ouni dass dofir vill Leit missten op Lëtzebuerg kommen. De Problem wier natierlech, dass eis Sozialsystemer vun engem Bevëlkerungswuesstem ofhängeg sinn. D'Regierung hätt déi lescht Joren d'An zougemaach. Op d'Fro, ob d'ADR do konkret Pisten envisagéiert, äntwert de Fred Keup, dass een den Ament natierlech misst zouginn, dass ee misst verantwortungsbewosst sinn, an dass een de System net einfach kéint ëmstellen. Op alle Fall misst een haut dofir suergen, dass een och an Zukunft uerdentlech Pensioune kéint bezuelen, well haut géing ville Jonken eng Perspektiv feelen.
Et misst een elo awer versichen, de System stabil ze halen. Ouni Cotisatiounshaussë géing hien net gesinn, wéi de System laangfristeg ze hale wier.
Alphabetiséierung op Franséisch: Lëtzebuerg gëtt ëmmer méi "francophoniséiert"
Wat déi aktuell Erausfuerderungen ugeet, gesäit d'ADR besonnesch bei der Alphabetiséierung op Franséisch eng grouss Gefor fir eist Land. "Et ass eng Implodéierung vun eisem Schoulsystem, wéi mer e kannt hunn", kritiséiert de Fred Keup. De Claude Meisch géing Lëtzebuerg "francophoniséieren". Crèchen, Beruffsausbildung, Educateursausbildung, alles wier mëttlerweil op Franséisch. Fir eng besser Integratioun sollten d'Kanner awer zesumme léieren an zesummen déi nämmlecht Erfarunge maachen. Mat villen ënnerschiddleche Schoulen an ënnerschiddlechen Alphabetiséierunge wier dat awer net méiglech, kritiséiert de Fred Keup. Den Deputéierte reprochéiert dem Educatiounsminister Claude Meisch "Tricksereien". Hie géing déi Francophoniséierung lues a lues en place setzen, sou dass keen eppes mierkt. An et géingen och keng normal Lycéeë méi gebaut ginn, just nach international Schoulen an doduerch géing och lues a lues d'Lëtzebuerger Identitéit verschwannen, sou den ADR-Fraktiounschef.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.