Lëtzebuerger Resident gouf a Portugal vergëft an an eng Baach geheit

© Claudia Kollwelter
E Méindeg de Moie geet um Stater Geriicht de Prozess géint zwou Fraen an zwee Männer un.
Hinne gëtt virgeworf, 2021 e Lëtzebuerger Resident a Portugal vergëft an duerno an eng Baach geheit ze hunn. De Mann, deen d’portugisesch Nationalitéit hat, gouf am August 2021 an der Géigend vu Figueira Da Foz fonnt, zimmlech genee um hallwe Wee tëscht Lissabon a Porto.
Well net konnt ausgeschloss ginn, datt och d’Täter aus dem Ëmfeld vum Mann, also vu Lëtzebuerg géinge kommen, war och hei eng Enquête opgemaach ginn. Am Mäerz 2022 waren dunn d’Frëndin vum verstuerwene Mann, där hire Bouf, hir Mamm an der Mamm hire Frënd verhaft ginn. Si sollen him e Pestizid an d’Gedrénks gemëscht gemëscht hunn. De Prozess soll dës ganz Woch daueren.