Op der A3 haten zwee Autoen no engem Accident Feier gefaangen

© RTL Mobile Reporter
Géint 15 Auer e Méindegnomëtteg ass et op der A3 a Richtung Frankräich zu engem Accident mat zwee Autoe komm.
Béid Gefierer haten doropshi Feier gefaangen an d'Pompjeeë goufen op d'Plaz geruff. D'A3 gouf tëscht dem Gaasperecher Kräiz an der Aire de Berchem a Richtung Frankräich komplett gespaart. Aus dem Bulletin vum CGDIS geet dann ervir, dass dräi Persoune beim Accident liicht blesséiert goufen. D'Stater Ambulancieren an d'Stater Pompjeeë waren op der Plaz.
Géint 15.30 Auer war d'Feier geläscht. Um 16.43 Auer koum dunn d'Nouvelle, dass den Accident geraumt an d'A3 op dëser Plaz nees fir den Trafic op ass.
Donieft waren d'Ekippe vum CGDIS am Laf vum Méindegmëtteg bei dräi Accidenter mat jeeweils engem Blesséierten am Asaz: Géint 13.10 Auer hat e Bus vum Boulevard Kennedy zu Esch en Auto ze pake kritt, géint 13.50 Auer waren zu Fëlschdref an de "Lëtzeuergestrooss" dräi Autoen aneneegerannt a géint 16.45 Auer krute sech an der Rue Romain Fandel zu Esch-Uelzecht zwee Autoen ze paken.