Presuméierten Drogendealer festgeholl

Symbolfoto. / © Envato LightFieldStudios
Op der Gare gouf e Sonndeg e presuméierten Drogendealer festgeholl, dee seng Wuer ofgeschléckt huet, fir se virun de Beamten ze verstoppen.
E Sonndeg den Owend ass enger Policepatrull an der Rue Joseph Junck am Garer Quartier ee Mann opgefall, dee sech hannert engem Baustellecontainer verstoppt huet, wou hien d'Beamten erbléckst huet.
Doropshin hunn d'Beamten de Mann kontrolléiert, fir ze kucken, firwat hien esou drop aus war, de Beamten net opzefalen. Bei der Kontroll huet et geschéngt, wéi wann hie Saache géif ofschlécken, esou datt de Mann och nach an de Scanner koum, fir ze kucken, ob hien Drogen ofgeschléckt kéint hunn.
De Scan huet dann och gewisen, datt de Verdacht berechtegt war. Op Uerder vum Parquet gouf de presuméierten Drogendealer festgeholl an e Méindeg de Moien dem Untersuchungsriichter presentéiert.