D'Stad Lëtzebuerg huet bal 5 Milliounen Euro fir déi zwee Deeg vum Trounwiessel ausginn.

Dat huet d’Buergermeeschtesch vun der Haaptstad Lydie Polfer e Méindeg am Gemengerot präziséiert.
 
Dee gréisste Käschtepunkt wier d’Bün um Glacis gewiescht. Doriwwer eraus hätt d’Material fir d’Sécherheet, zum Beispill Bëtongsbléck a Barrièrë 450.000 Euro kascht. De Gardiennage gouf mat 180.000 Euro verrechent. D’Dekoratioun um Knuedler, sou wéi och d’Tribün, hunn dann 215.000 Euro kascht.

D'Lydie Polfer iwwert d'Käschte vum Trounwiessel fir d'Stad Lëtzebuerg

Déi letztendlech Zomm kéint awer nach liicht variéieren, well no den Devisen bis elo eréischt knapp een Drëttel vun den definitive Rechnungen erakomm wieren. Dat huet d’Buergermeeschtesch op d’Drénglechkeetsfro vun der LSAP-Conseilléiere Maxime Miltgen geäntwert.

Donieft hunn d’Mataarbechter vun der Stad Lëtzebuerg 1.377 Trounwiessel-Iwwerstonne gemaach. De finanzielle Géigewäert gëtt op 55.000 bis 60.000 Euro geschat, och wann en Deel vun de VdL-Mataarbechter sech hir Iwwerstonnen net ausbezuele loossen, mee se op hiren Zäitspuerkont setzen.

RTL

© RTL Grafik

D'Regierung nennt weider Detailer zu de Käschte fir de Staat

 
De Premier Luc Frieden hat jo och scho matgedeelt, wéi vill d’Regierung fir d’Festivitéite vum Trounwiessel ausginn hat. D’Rechnung vum Atelier, an där och d'Droneshow an de Spektakel op der Rouder Bréck mat dra waren, huet de Staat 4 Milliounen Euro kascht, déi vu BCE, déi fir d’Iwwerdroung vum Event responsabel war, 3 Milliounen Euro. Déi 7 Milliounen Euro wieren awer nach net d'Gesamtkäschte fir de Staat, esou de Luc Frieden e puer Deeg nom Trounwiessel. E Méindeg gouf den Total vun de Käschte fir de Staat matgedeelt, dee sech dann op 8,6 Milliounen Euro beleeft.

E puer Zuelen aus dem offizielle Bilan vun de Käschten erausgepickt:

Fir d'Restauratioun an d'Dekoratioun huet de Staat 111.760 Euro ausginn. Wéi et am Bilan heescht, géifen dës Käschten alleguer d'Depense couvréieren, déi am Zesummenhang mam Empfang vun auslänneschen Dignitairen awer och fir d'Versuergung vu Journalisten a vum technesche Personal ugefall sinn. Och d'Käschte fir de Logement vun den auslänneschen Dignitairen, grad ewéi fir Dekoratiounen, ewéi Fändelen a Blummen, sinn an dësem Posten enthalen.

D'Ikonographie huet de Staat am Zesummenhang mam Trounwiessel 429.999 Euro kascht. Mat dëse Sue goufen nieft dem neie groussherzogleche Monogramm ënner anerem déi nei Portraiten, Fotoen a Büste bezuelt.

D'Receptioun am Cercle Cité an de Gala-Dinner am Palais hunn 110.008 Euro respektiv 68.800 Euro kascht.

Iwwerdeem huet dem neie Grand-Duc seng feierlech Tournée duerch d'Land de Staat am Ganze 4.320.941 Euro kascht. Nieft deene 4.245.941 Euro, déi den Atelier fir d'Planung vun de Festivitéite krut, louchen d'Käschte fir d'Preparatioun vun der Infrastruktur bei 75.000 Euro.

Den Detail vun der Rechnung fir de Staat fannt Dir hei.