2017 kruten 1.152 Leit de Statut Réfugié, 2016 waren et 764
Sou wéi och schonn déi lescht Joren, 2015 an 2016, hunn och 2017 nees vill Leit eng Demande op Asyl zu Lëtzebuerg gemaach.
PDF Bilan 2017 am Beräich Immigratioun
Den Ausseminister Jean Asselborn an d'Familljen- an Integratiounsministesch Corinne Cahen hunn en Dënschdeg de Moien de Bilan 2017 iwwert d'Demandeurs d'asile presentéiert.
D’lescht Joer waren et der am Ganzen 2.322. Also méi wéi 2016, wou et der 2.035 waren, par Rapport zu 2.447 am Joer 2015. Syrien bleift mat 15,8 Prozent och weiderhin dat Land, aus deem déi meescht Leit kommen, fir eng Demande de protection internationale ze maachen. Direkt duerno läit Erithrea mat 9,6 Prozent, suivéiert vum Maroc mat 8,8 Prozent a Serbien mat 8,2 Prozent.
Zu den Asyl-Demanden, déi hei am Land gemaach ginn, gehéieren och Leit, déi am Kader vum europäesche Relocalisatiounsprogramm aus Italien a Griicheland an de Grand-Duché kommen. Par Conter falen d’Flüchtlingen, déi aus Drëtt-Länner kommen, an duerch eng Reinstallatioun-Missioun hei am Land direkt de Statut kréien, net ënnert déi Zuelen.
Zejoert kruten am Ganzen 1.152 Leit de Statut vum Réfugié par Rapport zu 764 am Joer 2016. Dass dës Zuel sou geklommen ass, léich dorunner, dass de Profil vun den Demandeure sech zanter dem massiven Afflux vun 2015 geännert hätten. Déi meescht Leit, déi de Statut kruten, kommen aus Syrien am Ganzen 463 Leit, direkt duerno den Irak mat 340 Leit an 166 Leit op Plaz 3 aus dem Afghanistan.
An der Moyenne dauert et 7 an en hallwe Mount ier eng Decisioun geholl ass. Deen Delai soll dëst Joer nach verkierzt ginn.
50 Mineuren non-accompagnés hunn zejoert eng Demande gemaach. Dat ass stabel am Verglach mat 2016. Déi Jonk koume meeschtens aus Albanien an dem Maroc. Dëst Joer koume besonnesch jonk Leit vun 12-14 Joer.
Zanter dem 1. Abrëll gëtt et jo um Kierchbierg en neie Centre, de SHUK, fir déi Leit, déi kaum Chance hunn op Asyl, well se ënner d'Dublin-Reegele falen. Famillje mat Kanner ginn net do ënnerbruecht. 606 Persoune goufen zejoert dohinner verwisen, vun deenen 351 verschwonne sinn an 41 hu sech ni do presentéiert. Aktuell sinn eng 95 Leit do logéiert, an der Moyenne 28 Deeg laang.
De SHUK ass nëmme provisoresch an d'Regierung muss d'Käpp zesummestrecke fir eng permanent Léisung ze fannen, fir eng "Maison de Retour“, sou de Jean Asselborn.
Wat den Accueil an d'Integratioun ugeet, sot d‘Ministesch Corinne Cahen, datt de gréisste Problem deen ass, datt majoritär Leit an de Strukture sëtzen, déi net do hi gehéieren, déi schonn de Statut hunn. Et sinn dat 47%, just 43% si wierklech Demandeuren.
Den Hebergement vun den Demandeurs d'asile geschitt nach ëmmer an 3 Phasen, huet d'Corinne Cahen erkläert. Den 1. Accueil ass an der Logopedie, wou d'Leit just 24 Stonne solle sinn. Da maachen se hir Demande beim Immigratiounsministère a komme – fir déi 2. Phase - an dat fréiert Creos-Gebai op Miersch. Hei bleiwen d'Leit am Prinzip 6-8 Wochen, léieren – obligatoresch - déi éischt 100 Wierder Lëtzebuergesch a ginn iwwer hir Rechter a Flichten hei am Land opgekläert.
Dono gi se dann an déi 3. Phas an d'Foyers durables, wou se da solle liewe bis se de Statut hunn. Genee do fänkt et awer u komplizéiert ze ginn, sou d'Ministesch Corinne Cahen, well d'Leit och mat Statut net aus de Foyeren eraus kommen. All Joers ginn och Better verluer, och wann neier bäikommen. Zejoert sinn eng 150 Better ewechgefall. An och dëst Joer musse Strukturen zougemaach ginn.
740 Better sollen awer och dëst Joer bäikommen, zum Beispill zu Tandel, zu Käerjeng, zu Esch an an der Stad. Kleng Douaneshaisercher op verschiddene Plaze kommen och bäi an zu Bäerdref gëtt en Hotel renovéiert.
An der Lescht sinn e puer Foyeren, déi sollten nei gebaut ginn, duerch Geriichtsuerteeler verhënnert ginn. Dat bedauert d'Corinne Cahen, mä si ass och gudder Déng, datt – elo wou d'Gemengewahlen eriwwer sinn - sech weider Gemenge fannen, déi gewëllt sinn, fir Wunnraum fir Flüchtlingen ze suergen. Et hätt een och de Message verstanen, datt Gemenge keng grouss Strukture wëllen.
Zejoert sinn och bal 16.000 Leit aus der EU op Lëtzebuerg geplënnert: 15.840 waren et der genee. Eng éischte Kéier zanter Joerzéngten hunn net d’Portugisen dominéiert, mä d’Fransousen. 3.871 Mënsche sinn 2017 aus Frankräich op Lëtzebuerg komm, 3.504 aus Portugal.
Hannendru kommen d’Italiener, d’Belsch an déi Däitsch. Derbäi kommen nach 7.200 aus anere Länner wéi der EU. Dat mécht am Ganze bal 23.000 Leit, déi sech dat lescht Joer hei am Land ugemellt hunn.
Chamberkommissioun: Méi Efforte virun der nächster Kris
Ier d'Ministeren Asselborn an Cahen d'Presse iwwert d'Zuelen a Saachen Immigratioun informéiert hunn, ware se mat de Memberen aus den zoustännege Chamberkommissiounen zesummen.
Do konnten awer eng ganz Rei Froen aus Zäitgrënn net beäntwert ginn, huet d'CSV-Deputéiert Martine Mergen no der Entrevue bedauert. Fir d'CSV awer ass kloer, datt ee méi Efforte muss maachen, fir wann déi nächst Kris kënnt.
Et gouf eng Kaart gewise vu Gemengen, déi eng Struktur hunn oder amgaange sinn, eng opzeriichten. An awer muss een Angscht kréien, wann ee gesot kritt, datt de Ministère respektiv den Olai verschidde Strukture wäert an Zukunft verléieren, well d'Gebaier baufälleg sinn oder si se just geléint kruten. Zesumme mat de Gemenge misst een dofir kucken, an dat huet d'Familljeministesch selwer gesot, datt ee preparéiert wier, wann nees esou eng Kris géif kommen, sou d'Deputéiert vun der CSV.
Et hätt ee scho viru 15 oder 20 Joer misste fir propper Infrastrukture suergen, seet den David Wagner vun déi Lénk. Hien ass och der Meenung, datt een an Zukunft keng privat Sécherheetsagencen méi soll engagéieren, fir an de Flüchtlingsstrukturen opzepassen:
Déi Leit wieren net forméiert, fir mat esou engem Problem ëmzegoen. Dacks sinn dat Leit, déi oppassen, datt e Buttek net iwwerfall gëtt, esou den David Wagner. Et gëtt gesot, datt déi Sécherheetsleit och Formatioune gemaach hunn, fir mat de Flüchtlingen ëmzegoen. Ma den Deputéierte vun déi Lénk weess, datt déi Formatioune Peanuts sinn, maximal e puer Stonnen, also net serieux. Fir den David Wagner misst een ophalen, op Privatagencen zeréckzegräifen, fir esou eng Aarbecht ze maachen an eege Leit forméieren, déi d'Spannungen entdeeën.
De Fernand Kartheiser vun der ADR fuerdert e klore Politikwiessel. Et wieren ëmmer méi Leit am Land,an och an Europa, déi guer kee Grond hätten, Asyl unzefroen, well se net aus Konfliktregioune géife kommen. Dozou zielt hien Marokkaner, Algerier, Albaner, Serben a Kosovaren.
Et kéint een net de Misère vun der ganzer Welt ophuelen, mä et misst een deene Leit op der Plaz hëllefen.
Wat d'Flüchtlingen aus Syrien, Irak an Afghanistan ugeet, misst een och kucken, wéi d'Situatioun an deene Länner sech entwéckelt.
D'Presidenten aus USA, Frankräich a Russland hunn an de leschte Wochen all gesot, datt de Krich géint den Islamesche Staat eriwwer oder esou gutt wéi eriwwer ass. Da muss hei gekuckt ginn, ob een Leit an hir Regiounen, wou si gebraucht ginn, zeréckschécke kann. Well eng Protection internationale, also en Asylrecht, ass ëmmer just temporär. Et ass geduecht, datt déi Leit hei Schutz fannen, esoulaang wéi si dat brauchen. Wann d'Situatioun an hirem Land dann net méi déi selwecht ass, misste se zeréckgoen, fir hiert d'Land nees opzebauen. Hei gëtt keng Migratioun organiséiert, ma en temporäre Schutz, esou de Fernand Kartheiser.
A genee dat dierft een ni aus den Aen verléieren ënnersträicht den Deputéierten vun der ADR.