149 Aktioune fir méi resilient ze sinn

Mat 149 Aktioune soll Lëtzebuerg méi widderstandsfäeg ginn.
Den Haut-Commissariat à la protection nationale huet zesumme mam Premier Luc Frieden d’national Strategie fir d’Resilienz e Méindeg de Moien an der Chamber Institutiounekommissioun presentéiert. Et géing drëm goen, bei all Zenario prett ze sinn an "z’iwwerliewen".
PDF: Stratégie nationale de résilience / Resuméiert op 44 Säiten
Virun evolutive Risiken ewéi Cyber-, Hybrid- oder Dronenattacken, klassesche Krich, oder Naturkatastrophen, huet de Staat e Méindeg de Moie mat enger Powerpoint-Presentatioun ripostéiert. Also Grafiken op engem Projekter, mat Schlagwieder ewéi Cyberresilienz, kritesch Infrastruktur, Défense civile, Demokratie schützen, mee awer och d’kritesch Infrastruktur.
Wat déi 149 Aktiounen konkret sinn, ass nach net bekannt – d’Oppositioun (LSAP a Gréng) hunn dat och bedauert. De Luc Frieden sot, hie kéim ganz gär mat concernéierte Ministeren zeréck. Elo wier Mol e Kader gesat ginn.
Gewuer gouf ee just, datt en neien Internetsite fir d’Resilienz kënnt an eng Ëmfro bei de Bierger. Zum Kit vun 72 Stonnen, deen d’EU Kommissioun de Länner recommandéiert huet, e Pak also, deen d’Leit missten hunn, fir selwer am Fall vu Krisen sech e bësse kënnen ze versuergen, gouf et näischt neits.
Begrëffer ewéi obligatoreschen Déngscht oder Musterung goufe guer net ernimmt. Och net ewéi ee Budget oder ewéi eng Zäitschinn ee sech fir d’Resilizenzstrategie gëtt.
Um 13.30 Auer ass eng Pressekonferenz, mat der Presentatioun vun der nationaler Resilienzstrategie.