Police misst intervenéieren
Mann aggresséiert Ex-Partnerin um Belair - Affer muss an d'Spidol

D'Police gouf e Sonndeg den Owend wéinst engem Fall vu Kierperverletzung op de Belair an den Asaz geruff.
E Mann war hei senger Ex-Partnerin géigeniwwer handgräiflech ginn, heescht et am Bulletin vun de Police e Méindeg. Op der Plaz konnt d'Patrull de presuméierten Täter a säin Affer untreffen. No Éischter Hëllef op der Plaz ass d'Affer an d'Spidol ageliwwert ginn, wärend de Verdächtegen op Uerder vum Parquet festgeholl gouf. Hie gouf e Méindeg de Moien dem Untersuchungsriichter presentéiert.
Am meeschte gelies