Gérard Schockmel muss no Meenungsbäitrag keng Konsequenze fäerten

De Weekend huet ee Meenungsbäitrag vum DP-Deputéierte Gérard Schockmel am Lëtzebuerger Wort iwwert d'Ofdreiwung fir Diskussioune gesuergt.
De Gérard Schockmel, dee vu Formatioun Medezinner ass, schwätzt sech jo géint d'Festschreiwe vun der Ofdreiwung als Fräiheet an der Constitutioun aus. Dat huet d'CSV-DP-Majoritéit awer wëlles, nodeems deen initiale Virstouss fir dee Schratt vum lénken Deputéierte Marc Baum komm war. Op dem Gérard Schockmel säi Bäitrag am Wort ugeschwat, seet den DP-Fraktiounschef Gilles Baum, datt hien dat selwer ganz sécher net sou geschriwwen hätt. Mat interne Konsequenze misst de Gérard Schockmel awer net rechnen.
"Bah lauschtert, mir hunn an deem Dossier hei gesot, et dierft jidderee fräi ofstëmmen an dobäi bleiwe mer och, dat war vun Ufank u sou ausgemaach. Et gëtt verschidde Meenungen, ech sinn der Meenung, datt déi ganz grouss Majoritéit vun der Fraktioun wäert fir d'Aschreiwen an der Verfassung stëmmen. Den Här Schockmel huet seng eege Meenung an dat steet ëm als Deputéierten och zou."
Hie wier sech och net sécher, datt all d'CSV-Deputéiert fir ee Festschreiwe vun der Ofdreiwung an der Constitutioun stëmme wäerten.
Fokus sollt méi op Preventioun leien
Datt si eng aner Meenung wéi hire Fraktiounskolleeg huet, huet d'Barbara Agostino schonn ëffentlech erkläert. Dowéinst wëllt d'DP-Deputéiert d'Aussoe vum Gérard Schockmel och net nach eng Kéier kommentéieren. Et wier lo un deene Leit, déi an der Partei eppes ze soen hunn, ze decidéieren, wéi se domadder ëmginn. Een Ausschloss vum Gérard Schockmel géing si awer op alle Fall net fuerderen.
D'Barbara Agostino bedauert iwwerdeems, datt an där ganzer Diskussioun den Aspekt vun der Preventioun ënnergoe géing. Vill jonk Frae géingen esouguer méi wéi eng Kéier ofdreiwen, an dat, well se guer net oder falsch iwwert Sexualitéit opgekläert wieren. Fir dat ze änneren, misst esouwuel an der Schoul wéi och an de Famillje méi iwwert dat Thema geschwat ginn. An do hätt och d'Politik eng Responsabilitéit.
"Mir mussen awer och kucken, datt mer déi Leit, déi mer wëllen areechen, do musse mir Politiker eis beweegen an dohinner goen, wou mer d'Leit opfänke kënnen an iwwert déi verschidden Thematike schwätze kënnen. Ech soe lo, eng grouss Botzfirma zum Beispill, datt mir eis dohin deplacéieren, oder de Planning familial, egal, mee datt mat deene Leit sur place geschwat gëtt. Dir kënnt net verlaangen, datt déi Leit, déi éischter aus engem sozial schwaache Milieu sinn, datt déi op eng Konferenz owes um hallwer 7 op de Geesseknäppche kommen."
Et bräicht och eng besser Koordinatioun tëscht dem Gesondheets-, dem Familljen- an dem Educatiounsministère. Eng Ofdreiwung dierft op alle Fall keng automatesch Reaktioun op eng Schwangerschaft ginn.
Och de Planning Familial huet e Méindeg reagéiert
Och de Planning Familial reagéiert op d'Aussoe vum DP-Deputéierte Gérard Schockmel, deen e Samschdeg am Wort de Feminismus an den Avortement kritiséiert hat.
De Parlamentarier hätt de Personnage vun der Simone Veil instrumentaliséiert, fir en antifeministeschen Discours ze halen, déi sech dem Recht vun der Fra géing opposéieren, fir iwwert hire Kierper ze bestëmmen. Ouni Feminismus géing et vläicht keen Debat iwwer den Avortement ginn, sou d'Asbl.
Datt een diskriminatoresch Meenungen an der gréisster Dageszeitung dierft schreiwen, wier iwwerdeems de Beweis dofir, datt et ebe grad keng Zensur géing ginn, sou wéi de Politiker Schockmel dat duergestallt hätt, schreift d'Associatioun an engem Communiqué.
Keng Zensur wier et och, wann ee misogyn a revisionistesch Usiichte géing denoncéieren. D'Recht op Ofdreiwung wier keng Ideologie, mä e Grondrecht, dat d'Resultat vun engem laangen demokratesche Kampf wier, heescht et weider.
De Planning seet sech determinéiert, dëst Recht an d'Verfassung ze schreiwen, fir Réckschrëtt an dëser Welt ze evitéieren.