E Méindeg géint 7.20 Auer sinn op der Streck tëscht Allënster an Amber zwee Autoen net laanschtenee komm.

Eent vun de Gefierer ass duerch de Kontakt vun der Strooss ofkomm, krut e Bam ze paken an ass duerno an engem Feld un d'Stoe komm.

Wéi d'Police op der Plaz mellt, wier eng Persoun mat der Ambulanz an d'Spidol transportéiert ginn. Dat huet de CGDIS spéider och an engem Rapport bestätegt. Op der Plaz waren d'Pompjeeë vu Jonglënster, grad ewéi Ambulanze vu Jonglënster an aus der Stad.

Duerch den Accident ass et an deem Beräich zu Perturbatiounen am Trafic komm.

Weider Accidenter mat Blesséierten

Géint 7.45 Auer ass zu Ierpeldeng (Bous) an der Rollenger Strooss eng Persoun ugestouss a blesséiert ginn. De SAMU huet mussen an den Asaz, grad ewéi d'Rettungsdéngschter vu Réimech.

Zu Rolleng an der Lëtzebuerger Strooss ass um 8.24 Auer en Accident tëscht zwee Autoe geschitt. Och hei gouf et ee Blesséierten. D'Pompjeeë vu Miersch an d'Ambulanz aus der Fiels waren op d'Plaz geruff ginn.