Wéi Statistike weisen hunn d'Stéit zu Lëtzebuerg d'lescht Joer manner wéi hallef sou vill gespuert, wéi nach am éischte Covid-Joer.

Wéi vill gëtt hei am Land gespuert? Eng interessant Fro, déi sech fir d'Stéit fir d'Covid-Joer 2020 mat engem Rekord-Taux vu 27 Prozent affichéiert. Zejoert du war de Spuer-Taux vun de Stéit mat nëmmen nach 12,4 Prozent am niddregste bannent de leschten 10 Joer.

Dëst ass dee selwechten niddregen Taux, wéi et 2010 de Fall war.

Et gëtt also nees vill manner vun de Stéit gespuert. An der Moyenne hunn d'Leit am Land eng 71.000 Euro op de Kapp op der Säit – do sinn awer och Bëbeeën, kleng Kanner an eeler Leit alleguer dobäi.

Alles an allem sinn der Zentralbank no knapp 49 Milliarden Euro Erspuertes op Banken deponéiert.

Dës Chiffere liwweren d'Ministeren Delles a Roth op eng parlamentaresch Fro vum liberalen Deputéierten André Bauler.