Maison du Grand-Duc annoncéiert nei Versioun vu Monarchie.lu
Mam neie Grand-Duc krut d'Lëtzebuerger Monarchie och elo eng nei online Presenz, dat mat enger Rëtsch Updatë vum offiziellen Internetsite.
Knapp zwou Wochen nom Trounwiessel huet d'Maison du Grand-Duc kommunizéiert, datt eng nei Versioun vum Site monarchie.lu lancéiert gouf, dat fir dem Public eng "modern an accessibel Platform" ze bidden, déi awer der "Lëtzebuerger monarchistescher Traditioun" trei géing bleiwen. Zu den neie Features gehéiert net nëmmen eng nei Opmaachung, mee och neie Contenu, wéi am Communiqué ze liesen ass.
Sou solle Rubricken iwwert Nassauer Dynastie, d'groussherzoglech Famill an hir Residenzen dem Public en Abléck an d'Geschicht vun der Lëtzebuerger Monarchie bidden. D'Säit kids.monarchie.lu gouf iwwerdeems mat neien Illustratiounen an Informatiounen ausgebaut, fir datt och déi Jéngst kënnen d'Monarchie op eng "spilleresch Aart a Weis" kenneléieren.
De Communiqué ënnersträicht weider, datt all Adaptatioune mat Hëllef vum Centre des technologies de l'information de l'État (CTIE) gemaach goufen, fir ze garantéieren, datt se de "Sécherheetsstandarde vun den Internetsäite vum Lëtzebuerger Stat entspriechen".
All d'Säite gëtt et souwuel op Lëtzebuergesch, wéi och op Däitsch, Franséisch an Englesch.