Veianer Nëssmaart zitt Begeeschterter aus dem ganze Land an doriwwer eraus un
Veianen, bekannt fir säi Schlass, seng géi Gässelcher an d'Noss, déi hei all Joer am Oktober déi grouss Haaptroll spillt.
Beim traditionelle Nëssmaart dréit sech alles ëm dat kleng, haart Wonner mat intensivem Goût.
"D'Leit si ganz kreativ, fir iwwerall wou et nëmme geet d'Nëss mat eranzebréngen", esou de Veianer Buergermeeschter, Francois Weyrich. "An ob dësem Dag ass Veianen wierklech voll. Et ass deen eenzegen Dag am Joer wou esou vill Leit zu Veianen sinn."

© Ketty a Rom Hankes
Zanter1935 feieren d'Veianer hir Nëss - mat Musek, engem Maart an natierlech alles, wat een aus der Noss esou maache kann: Drëpp, Likör, Ueleg, Kuch a souguer Wurscht. Kalorienzielen ass um Nëssmaart net erlaabt.
Ronn 12.000 Visiteuren d'Joer kommen d'Our-Stiedche besichen. D'Noss ass hei net just fir ze grignotéieren, mee e Kulturgut mat Traditioun. Ufank vum lëscht Joerhonnert koume ronn 20 Prozent vun allen Nëss, déi zu Lëtzebuerg verkaaft goufen, vu Veianen. Dëst Joer ass et eng gutt Recolte, fënnt de Mallo, deen zanter Joren op engem Stand am Stadkär aushëlleft:
"Dëst Joer hu mer schrecklech vill Nëss. Wat déi lëscht Joren net esou war. Déi lescht Joren hu mer se och emol op Grenoble misse kafen goen. Dëst Joer hu mer se a grousse Quantitéiten."
Helleg sinn d'Nëss zwar net, mä gutt fir d'Gesondheet. Heescht et och an der Medezin vu fréier.

© Tim Morizet