Verdächtege festgeholl
Mann gouf zu Peppeng iwwerfall a krut seng Kette geklaut

© RTL-Archiv
D'Police mellt e Méindeg e Virfall, dee scho leschten Donneschdeg an der Rue de Crauthem zu Peppeng geschitt ass.
Éischten Informatiounen no war d'Affer vun engem Mann ugeschwat ginn, deen de Moment genotzt huet, fir d'Kette vum Hals ze rappen. Den Täter ass doropshin a Richtung Beetebuerg geflücht. D'Police konnt de Verdächtege méi spéit allerdéngs lokaliséieren.
Wéi hien d'Beamte gesinn huet, ass hien ze Fouss geflücht. Nodeems hie gepëtzt gouf, hunn d'Poliziste bei der uschléissende Fouille eng kleng Quantitéit Droge fonnt. Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl a koum virun den Untersuchungsriichter.
Am meeschte gelies