Pompjeeë rette klengt Réi vu vill befuerener Strooss

© Facebook CIS Péiteng
Um Dënschdeg den Owend géint 22 Auer hunn d'Männer a Fraen vum CISP e klengt Réi agefaangen a bei den Déierendokter bruecht.
An der Rue du Stade, eng Landstrooss, wou vill Trafic ass, ass e klengt Réi den Automobilisten opgefall, wat do eleng ënnerwee war. Si hunn d'Pompjeeën alarméiert, déi op d'Plaz komm sinn, fir d'Déier anzefänken. D'Kitz war ganz verstéiert, ma hat awer keng Blessuren, déi direkt opgefall wieren.
Awer hunn d'Pompjeeën d'Déier bei den Déierendokter op Rodange bruecht, wou sech ëm d'Déier gekëmmert gouf a wou och déi ganz Nuecht een en A op et geworf huet. Weider schreiwen d'Pompjeeën op hirem Facebook-Site, datt hinnen um Mëttwoch de Moie matgedeelt gouf, datt et dem klenge Réi esouwäit gutt géif goen an datt et op d'Diddeleng an d'Statioun fir wëll Déiere koum, wou et weider versuergt soll ginn.

© Facebook CIS Péiteng
D'Péitenger Pompjeeë soen och de Leit, déi virun hirem Antreffe sech ëm d'Déier gekëmmert hunn, wéi och der Déierendoktesch an hire Mataarbechter, déi d'Déier dono versuergt hunn, e grousse Merci.
Et sief drun erënnert, datt wann een an Accident mat engem wëllen Déier huet, dat een dat der Police oder dem 112 melle soll.