Zwou grouss Brauerei-Gruppe vu Konkurrenz-Autoritéit viséiert

© Envato Symbolbild
D'Konkurrenz-Autoritéit schléit stramm Téin géintiwwer vun zwou Brauerei-Gruppen un, déi am Land aktiv sinn.
De Brauereien, déi net genannt ginn, gëtt reprochéiert fir de Béiermaart reegelrecht virun anere Marken a Produzente gespaart ze hunn. Riets geet vu Kontrakter, woura Bistroen, Restauranten an Hoteller gehalen wieren, de Clienten nëmmen nach spezifesch Marken unzebidden, déi d'Brauerei-Gruppen exklusiv liwweren.
Der Konkurrenz-Autoritéit sinn domat d'Konditioune fir e fräie Maart net méi ginn, d'Konkurrenz vun de Präisser tëscht de Produzente wier gestéiert an d'Méiglechkeeten, fir aner Konkurrente fir um Béiermaart am Land aktiv ze ginn, wieren limitéiert.
Déi zwou grouss viséiert Brauerei-Gruppen hunn lo Zäit fir hir Géigenargumenter ze formuléieren, ier se gehéiert ginn an duerno eng Decisioun um Niveau vun der Konkurrenz-Autoritéit geholl gëtt.