"Net vereinfacht Léisunge bei ganz komplexe Problemer siche goen"
En Dënschdeg de Moie war d'ASTI an d'Zesummeliewen zu Lëtzebuerg Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
D'ASTI ënnerstëtzt de Projet vun der Alphabetiséierung op Franséisch. D’Schoul wär leider nach ëmmer eng Plaz zu Lëtzebuerg, wou et sozial Reproduktioun gëtt, sot en Dënschdeg de Moien déi nei Vizepresidentin vun der ASTI Jessica Lopes am RTL-Interview. Mä et misst een oppassen, datt et net zu Parallelgesellschafte kënnt, datt d’Kanner weider zesumme "beschoult" ginn.
Obligatioun fir an d’Schoul ze goe fir all Kand
Elo fir d’Rentrée muss d’ASTI nees wéi all Joer drop opmierksam maachen, datt all Kand zu Lëtzebuerg e Recht huet fir an d’Schoul ze goen. Och wa seng Elteren irregulär am Land sinn. Et wär kee Masseproblem, mä e puer Fäll d’Joer, wou Gemengen oder och Lycéeën un déi Obligatioun missten erënnert ginn. Egal wéi een zur Migratioun steet, wär et a kengem sengem Interêt, datt Kanner, déi hei liewen, net an d’Schoul ginn, sou d’Jessica Lopes.
Net just eng "Auslänner-Organisatioun"
D’ASTI gesäit sech selwer net just als "Auslänner-Organisatioun". Et wär een net nëmmen do fir d’Auslänner, dat wär verkierzt. Et géif ee vill aner Saache maache fir en allgemengt gutt interkulturellt Zesummeliewen. Och mat de Frontalieren zum Beispill. D’ASTI huet och en neie Verwaltungsrot, d’Claire Geier ass nei Presidentin. Et wéilt een awer net nëmmen de Fokus setzen op de President op d’Presidentin.
10 Joer nom Referendum iwwer d’Auslännerwalrecht
10 Joer sinn et elo hier, datt zu Lëtzebuerg d’Fro vum Auslännerwalrecht an engem Referendum gestallt gouf. 78% waren deemools géint sou e Walrecht. Wéi haut sou e Referendum géif ausgoen, wësse mer net, sou d’ASTI-Vizepresidentin. Et wär eng Fro, déi d’Fronte verschäerft a vum richtege Problem oflenkt, fënnt d’Jessica Lopes. Et kéint a misst ee schonn éischter u vill aner Schrauwen dréine goen. Sou wieren net nëmmen d'Auslänner, mä och déi Jonk, d'Privatwirtschaft, d'Aarbechterklass an d'Fraen an der Politik ënnerrepresentéiert.
Demokratieproblem geet vill méi wäit
Op Gemengenniveau géif et d’Auslännerwalrecht scho ginn, mä d’Bedeelegung wär niddreg. Eng 15% géife wiele goen a bei de Gewielte léicht den Taux bei ënner 2%. Dat géif d’Gesellschaft net zréck spigelen. Et misst ee sech d’Fro stellen, firwat maachen d’Leit net mat? Interesséiert et se net? Versti se et net? D’Bedeelegung misst méi nidderschwelleg gestallt ginn.
“D’ASTI triggert e bësse sou Kommentarer”
D’ASTI selwer triggert e bësse munch Leit, weess d’Jessica Lopes. Ufeindunge wären nach ëmmer do gewiescht. Mä an der Lescht géif ee Saachen héieren oder liesen, déi ee soss net héieren hätt. Dat mécht hir Suergen Et wären e puer Stëmmen déi “haart blären a meeschtens hannert engem Ecran”. Mä ronderëm eis géif et e Rietsruck ginn, och wann hei am Land dat interkulturellt Liewen nach ëmmer als Stäerkt ugesi gëtt.
Keng vereinfacht Léisunge fir komplex Problemer
Si versteet och d’Suerge vun de Leit. Logement oder Aarmut géife ville Leit berechtegt Angscht maachen. Mä et wär net de Problem Lëtzebuerger géint Net-Lëtzebuerger. D’Froe wäre vill méi komplex a mat den Auslänner ze kommen, wär eng liddereg Aart a Weis et duerzestellen. Et dierft een net vereinfacht Léisunge bei ganz komplexe Problemer siche goen. Et wär och net d’Majoritéit, ënnersträicht d’Jessica Lopes. Honnerte vu Leit géife sech benevole bei der ASTI asetzen, fir ze hëllefen a fir eng besser Integratioun.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.