GRIDX soll wäit iwwer gewinnten Experienz an Akafszentrum goen
Zu Wickreng ass laang um Projet geschafft ginn an dësen Donneschdeg soll et offiziell lassgoen.
GRIDX soll en neien Treffpunkt ginn, deen Iessen, Commerce, Konscht an Handwierk ënnert engem Daach op iwwer 42.000 Meter Carré kombinéiert. Och d‘Hotelsschoul léisst sech hei néier. Den 18. September ass déi offiziell Inauguratioun vun der éischter Phas.
E Méindeg gëtt nach vill geschrauft a gehummert am GRIDX. En Donneschdeg soll et awer scho lassgoen. D'Ouverture ass a verschiddene Phasen. De Restauratiounsberäich ass zanter dem 1. September op an déi offiziell Ouverture vun der éischter Phas ass dësen Donneschdeg. An enger zweeter Phas sollen dann nach weider Firmen hir Ouverture feieren. Aner Sektiounen – dorënner Eventplazen a weider Geschäfter – kommen no an no.
Den Alex Giorgetti këmmert sech em de Projet:
"Dat heescht elo déi 1. Phas am September ass am Fong dee ganzen éischte Stack, dat nenne mir den Arenalevel, dee fäerdeg gëtt. Am November kommen eis zwee Muséeën, dat heescht eisen digitale Musée souwéi eisen Autosmusée. An de Mäerz gi mir eriwwer, an do geet de groussen Engelhorn op vun iwwer 5.000 Metercarré an da wäerte mir en Gros ganz op sinn an dat Ganzt esou feieren, wéi et och soll sinn."
Hei wëll een dem Public alles bidden, wat e brauch: Vu Sport a Wellness iwwer Karaoke, engem Foodhall, bis Konschtgalerien a Kleedergeschäfter. Och dem Autosfrënd wäert hei eppes gebuede ginn. An de Gäng fënnt een zwou gliesen Autogaragen, wou Leit hir Oldtimer kënne parken. Iwwerdeems gëtt et vun November un eng Galerie d‘Art mobile, en Autosmusée mat engem Showroom, mat an enger éischter Phas enger grousser Ausstellung ronderëm de fréiere Formel 1 Pilot Ayrton Senna.
"Mir hunn iwwer 2.000 Metercarré Surface, wou mir wäerten Autoen exposéieren, tëschent 20 an 30 Stéck. Mir wäerten eng Kéier eng Exhibitionzone hunn. Déi huet 750 Metercarré, wou mir all 6 Méint eng nei Exhibitioun wäerte bréngen. An op dëser Säit sinn am Fong grouss Frames, wou mir den Auto rastellen, wéi eng Pièce d‘oeuvre, wou mir och reegelméisseg besonnesch Marken hei op Lëtzebuerg wëlle bréngen, déi een am Fong ganz seele gesäit, wéi Koenigsegg, Pagani, een RUF."
Am Restauratiounsberäich schaffen eng 60 Leit. D‘Hallschent dovunner gouf iwwer d‘ADEM agestallt.
"Wat eis natierlech mega iwwerrascht: d‘Leit sinn extreem happy. Et hunn der puer sech guer net virgestallt, iwwerhaapt an enger Kiche kënnen ze schaffen. An elo si se happy a stralen. Eis Clienten hunn eis dës Ëfteren d‘Remark gemaach, 'wou hutt dir déi Leit fonnt, déi esou frou sinn?' an dat ass natierlech fir eis e mega Succès."
Fir d‘Schüler aus der Hotelsschoul, déi aus dem Süde kommen, ass et ee laange Wee bis op Dikrech. Fir hinnen d‘Liewe méi einfach ze maachen, ass elo zu Wickreng en zweete Campus opgaangen. Eng 50 Schüler wäerten e Mëttwoch hei mam Theoriesdeel ufänken. Fir d‘Praxis musse se nach, bis op d'mannst nächst Joer, op Dikrech fueren.
De Weekend gëtt am GridX d‘Inauguratioun gefeiert, mat ënner Anerem enger Happy-Hour am Foodball, engem Gewënnspill, an enger Party, mat Dj‘en an Dänzer vun Ibiza. Samschdes a Sonndes wäert et den Dag iwwer ee Programm fir Familljen a Kanner ginn.