Parlamentaresch Prozedur iwwer d'Verankerung vum Avortement huet ugefaangen

© RTL Archivbild
Iwwer d'Recht op Ofdreiwung gëtt an de leschten Deeg am Grand-Duché nees méi dacks diskutéiert.
Dat, well eng Propositioun um Instanzewee ass, fir d'Recht an der Verfassung verankeren ze loossen. Géif dat esou geschéien, da wier dat een trauregen Dag an der Lëtzebuerger Geschicht. esou huet et de Kardinol Jean-Claude Hollerich nach rezent op eiser Antenn gesot. E Méindeg war d'Propositioun dann Thema an der Institutioune-Kommissioun. Bis op eng Partei ass et och schonn kloer, wéi déi vereenzelt Parteien zu dëser Propositioun stinn.
D'Recht op Ofdreiwung soll an der Verfassung verankert ginn, dat fuerdert op mannst den Deputéierte vun déi Lénk, de Marc Baum. Den Auteur vum Text ass no der Diskussioun fir Kompromësser bereet:
Marc Baum (déi Lénk):
"Ech hunn och gesot, datt ech oppe sinn, fir déi Diskussiounen, fir virun engem anere Wording eventuell ze schaffen. Et muss een dann natierlech kucken, wat dobäi erauskënnt. Jo, bis op d'CSV, déi anscheinend nach an internen Diskussiounen ass, wou dann iergendwann, hoffentlech deemnächst, da wäert erauskommen, wouhinner sech d'Schëff da beweegt."
Den CSV-Deputéierte Laurent Zeimet huet drop verwisen, datt den Text a senger Fraktioun nach intern misst diskutéiert ginn.
Laurent Zeimet (CSV):
"Déi parlamentaresch Prozedur huet elo ugefaangen, haut war net den Dag, wou huet missen ofgestëmmt ginn, dee kënnt eréischt a bis dohinner, mengen ech, huet all Fraktioun an och all eenzelen Deputéierten Zäit, fir doriwwer nozedenken, fir sech dat unzeliesen a sech seng Meenung ze bilden."
D'CSV huet also nach keng kloer Positioun. Beim Koalitiounspartner DP ass ee sech do am Prinzip awer schonn eens, et misst awer nach un der Formulatioun geschafft ginn, esou d'Parteipresidentin.
Carole Hartmann (DP):
"Mir sinn do ganz frou, dass och de Marc Baum sech vun Ufank un do oppe gewisen huet, fir iwwert de Wording selwer ze schwätzen. Fir eis ass et wichteg, dass d'Ofdreiwung net als banale medezineschen Akt consideréiert gëtt. Dat heescht, dat ass een Element, dat mer wollten an d'Diskussioun mat erabréngen."
Fir d'Sam Tanson vun déi Gréng wier et positiv, datt vu béide Regierungsparteien keen Refus komm wier.
Sam Tanson (déi Gréng):
"E klore Refus krute mer net geäussert. Dat ass jo schonn emol positiv. Sou dass ech hoffen, dass och an der CSV eng Beweegung do ass an, dass mer et zu engem Kompromësstext kënne fannen. Et muss jo net den originalen Text si vum Marc Baum. Dat wat fir eis wichteg ass, dat ass, dass et en Text gëtt, deen an d'Verfassung stoe kënnt an deen och wierklech aklobar Rechter fir d'Fra garantéiert."
D'Fraktiounspresidentin vun der LSAP Taina Bofferding hofft awer, datt vun der CSV geschwënn eng méi kloer Positioun kommunizéiert gëtt.
Taina Bofferding (LSAP):
"Iwwer d'Textformulatioun kann ee jo mer herno diskutéieren, mee op d'mannst hätt se awer elo kéinte soen, ob se do hannendrunner steet oder net, mee mir, op alle Fall, ënnerstëtzen déi Initiativ, well fir eis ass et wichteg, dass dat Recht ebe weiderhi geschützt gëtt. Mir gesinn an der Welt, wéi séier Mënscherechter ënnert d'Rieder geroden an dofir ass et wichteg, dass mer eben an eiser Constitutioun dat Recht do verankeren."
Den ADR-Deputéierte Fred Keup iwwerdeems gesäit kee Besoin, fir den Avortement an der Verfassung ze verankeren. D'ADR géif dowéinst géint een entspriechenden Text stëmmen.
Virun der Kommissioun e Méindeg de Moien hu sech iwwregens eng 70 Demonstranten bei der Chamber zesummefonnt, fir fir d'Recht op Ofdreiwung ze demonstréieren. De Planning Familial hat d'Manifestatioun organiséiert.