Radio Lëtzebuerg fänkt moies schonn ëm 5 Auer un

Punkt 5 Auer de Moien: Den Dan Spogen begréisst Iech aus dem Studio.
Gutt gelaunt a gutt informéiert an den Dag – mat RTL ass dat elo nach méi fréi méiglech.
Morgenstund hat Gold im Mund, géife se bei eisen Noperen déi Säit der Musel soen. Op Lëtzebuergesch wuel éischter eppes am Genre vun: Hien ass um Dill, ier der Däiwel Schong an Huesen unhuet (Huesen hei am Sënn vu Strëmp, nozeliesen am Lëtzebuerger Online Dictionnaire LOD).
Ganz fréi um Dill waren um Méindeg de Moien op alle Fall den Dan Spogen an de Sascha Georges, fir Iech nach méi fréi an den Dag eran ze begleeden: Zanter e Méindeg de Moie leet RTL Radio Lëtzebuerg moies nämlech ewell ëm 5 Auer lass, also nach eng hallef Stonn méi fréi wéi bis ewell gewinnt.

Prett fir déi éischt Neiegkeete vum Dag: de Sascha Georges de Moien eng Minutt bis 5 virum Mikro.
No enger kuerzer Begréissung duerch den Dan Spogen huet de Sascha Georges Punkt 5 déi éischt Neiegkeete vun der neier Woch presentéiert – an anere Wierder: Gutt gelaunt a gutt informéiert an den Dag starten, dat ass mam Radio vun elo un nach méi fréi méiglech.
Wann Der wëllt, heescht deen neie Rendez-vous also vun elo u 5 Auer moies ... also fir déi, déi ewell op sinn respektiv schonn um Wee op d'Schaff. Déi aner dierfen nach gemitterlech weiderschlofen.
RTL ass egal wéi fir Iech do! Klassesch um Radio an natierlech och am Livestream (Audio oder Video).

Vun elo un: Radio Lëtzebuerg start ewell ëm 5 Auer moies an den Dag.
E Méindeg geet dann och de Summerprogramm vun RTL Télé Lëtzebuerg op en Enn: vun den Owend un also nees wéi gewinnt de Magazin ëm 19 Auer an de Journal ëm 19:30 Auer; no der Meteo dann nach – well et Méindeg ass – de Futtballmagazin Gol (20 Auer).
Merci fir Ären Interessi a fir Äert Vertrauen!