D'CITA-Panneauen op den Autobunne sollen iwwert déi nächst Joren duerch nei modern Ecranen ersat ginn.

Déi al digital Schëlder sinn ewell schonn zënter iwwer 25 Joer am Asaz an hunn domadder d'Enn vun hirer Liewensdauer erreecht.
 
Déi al CITA-Panneaue sollen elo no an no duerch grouss Ecranen ersat ginn. Op der Liaison Micheville stinn elo schonn déi éischt digital Schëlder vun der neister Generatioun. An de leschte 25 Joer sinn am Code de la Route och nei Schëlder bäikomm, zum Beispill fir de Covoiturage. Dëst Verkéierszeeche kënnen déi al Panneauen net affichéieren.
 
Als éischt ginn elo mol déi al Schëlder op der A3 ersat. Dat geschitt am Kader vum Ausbau vun der Diddelenger Autobunn op zwee Mol dräi Spueren. Duerno wäert wuel d'A6 tëscht der Stad an Arel un d'Rei kommen. 
 
Zanter gutt 25 Joer informéiert den CITA-System d'Automobilisten, déi op den Autobunnen ënnerwee sinn iwwert Stauen, Accidenter, Schantercher an aner Geforesituatiounen. 1999 gouf d'CITA-Zentral zu Bartreng ageweit an op Areler an op der Diddelenger Autobunn goufen deemools déi éischt Affichage-Panneauen opgeriicht.
 
Alles an allem stinn haut op eisem Autobunnsreseau 70 Portiquen. A béid Richtungen sinn dat deemno 140 digital Panneauen.