Produiten am Weltall produzéieren - wat nach viru kuerzem nach no Science-Fiction geklongen huet, ass haut eng ganz konkret Industrie.

Well d'Schwéierkraaft feelt, kënnen hei Produiten ewéi Glasfaseren oder Medikamenter an enger Qualitéit hiergestallt ginn, déi op der Äerd onméiglech wier. Eng lëtzebuergesch Partnerschaft spillt dobäi eng Schlësselroll: Mat europäescher Ënnerstëtzung an neien Investitiounen dréit Lëtzebuerg dozou bäi, eng Fabrick am Weltall zu enger Realitéit ze maachen.

Méi bëlleg Tariffer fir de Start vu Rakéiten an nei Technologien hunn d'Dier opgemaach fir eng nei Era – d'Era vun der "Fabrick am Weltall".

Den Nicolas Gaume, Generaldirekter vu Space Cargo Unlimited: "D'Absence vu Schwéierkraaft erlaabt et Produkter ze schafen, déi een op der Äerd esou net hierstelle kann – vu Medikamenter iwwer Elektronik bis nei Materialien oder Landwirtschaft."

Mir sinn zu Féiz. Genee hei wëll de franséische Raumfaart-Entrepreneur Nicolas Gaume am neien Zenter mat "Space Cargo Unlimited" den éischten europäesche Cargo-Transporter - eng Referenz-Léisung fir Europa a weider Kontinenter – schafen: "40 Prozent vun eise méi wéi 80 Projete sinn an der Pharmaindustrie. Dorënner Start-ups hei am Land wéi ExoBiosphere oder Firmen déi héich performant Glasfaser oder Elektronik entwéckelen."

Am Fokus steet hei d'"Bento Box", e klengt Fabrikatiounsmodul, deen déi nächst Méint mat SpaceX zweemol an den Orbit geschéckt soll ginn. Eng Këscht, déi bis 100 Kilo Material kann transportéieren, fir Experimenter duerchzeféieren a fäerdeg Produiten zeréck op de Planéit ze bréngen. Esou zum Beispill Glasfaser.

Mee firwat well ee Glasfaser am Orbit produzéieren? Den Achim Schwarzwaelder vu Space Cargo Unlimited, erkläert:
"Wann een et op der Äerd zitt – de Glasfaser – dann huet ee relativ vill onpropper Elementer dran. An der Schweerelosegkeet kënnt eng ganz kloer Faser dobäi eraus. Doduerch muss ech manner 'Repeateren' dotëscht sëtzen. D'Frequenze kënnen doduerch eropgesat ginn. D'Leeschtung geet deels ëm de Facteur 200 erop."

Och d'EU ënnerstëtzt: 12,5 Milliounen Euro kommen aus dem European Innovation Council. Am Ganzen huet d'Firma eng Finanzéierung vu 27,5 Milliounen Euro zesummebruecht.

"Hei gesäit een, wéi d'Space-Industrie sech zu Lëtzebuerg entwéckelt", esou de Minister fir d'Ekonomie Lex Delles. "Méi wéi 30 Aarbechtsplazen entstinn, an d'Zesummenaarbecht tëschent Betriber weist, wéi een en staarkt Ekosystem am Land opbaut."

Vun der Visioun bis zur Industrialiséierung: Wat nach viru kuerzem no Science-Fiction geklongen huet, kéint geschwënn Realitéit ginn – an dat mat Lëtzebuerger Participatioun.