Am Lokale mellt de CGDIS direkt 4 Autoen, déi an der Nuecht op en Dënschdeg, kuerz no 3 Auer zu Käerjeng gebrannt hunn.

Nieft 3 Autoen, déi quasi komplett verbrannt sinn, goufen zwee weiderer duerch de Brand beschiedegt, wéi eise Fotograf op der Plaz festgestallt huet.

Et ass kengem eppes geschitt, an d’Käerjenger Pompjeeën hu geläscht.

Zu Nidderfeelen war e Méindeg den Owend géint 19.30 Auer en Auto vun der Strooss ofkomm an an e Bam gerannt. Dobäi gouf et ee Blesséierten.

Bei engem Cheminés-Brand zu Eech blouf et kuerz drop bei Materialschued.