150 bis 180 Wunnengen ginn am neie Quartier gebaut

© RTL Télé Lëtzebuerg/Luc Rollmann
Déi fréier Cité militaire zu Dikrech soll an den nächste Joren opgewäert ginn.
Den Donneschdeg de Moien hunn de Logementsminister Marc Hansen an den Dikrecher Buergermeeschter Claude Haagen de Projet fir dësen neie Quartier am Zentrum vun der Militärstad virgestallt.
Den Haaptaccent läit um Wunnen. Geplangt si verschidden Zorte vu subventionéierten Appartementer, déi souwuel fir d'Vente wéi och fir d'Locatioun geduecht sinn. E gewëssene Prozentsaz ass fir Rekrutte vun der Arméi reservéiert. Alles an allem sinn eng 150 bis 180 Wunnengen um Site geplangt, ma och eng Crèche, Büroen, Commerce, Handwierksbetriber an awer och kulturell Etablissementer. Et géif ee gréngen an agreabele Quartier ginn, betount de Logementsminister Marc Hansen. Et géif vill geschwat gi vu vill bauen, ma och d'Qualitéit wier wichteg, betount de Marc Hansen. Deemno wéilt een e flotte Quartier bauen, mat allen néidegen Infrastrukturen an der noer Géigend.
D'Iddi ass en oppene Quartier, dee via e Foussgängerwee direkt mam Zentrum vun Dikrech verbonne soll ginn. Och e Parking mat 350 Plazen ass geplangt. D’Zil ass et, Dikrech lues a lues autofräi ze kréien, ënnersträicht den Dikrecher Buergermeeschter Claude Haagen.Well net méi vill Leit an der Cité militaire wunnen, wéilt een e liewege Quartier an Zukunft schafen, esou nach de Claude Haagen. Well een Deel vun den Appartementer fir d’Locatioun geduecht ass, géif ee Wunnenge mat 1 bis 5 Kummere bauen, seet den Direkter vun der Société Nationale des Habitations à Bon Marché Guy Entringer.Op 2 Hektar soll de Quartier entstoen. Am September geet den PAP an d'Prozedur. Fréistens 2022 sollen déi éischt Leit am Quartier wunnen.
Offiziellt Schreiwes
Redynamiser l'ancienne cité militaire - Une opportunité de développement à saisir (05.07.2018) | |
| |
La ville de Diekirch vise une croissance durable, tant au niveau économique qu’en terme d’habitants. La revalorisation de l’ancienne cité militaire en site plurifonctionnel, dédié principalement à l’habitat, mais incluant également des activités artisanales, des commerces, des établissements culturels et administratifs, s’inscrit dans cette volonté de développement. Le 5 juillet 2018, Marc Hansen, ministre du Logement, et Claude Haagen, député-maire de la Ville de Diekirch, ont présenté l’avancement des travaux pour ce nouveau quartier qui se situera en plein centre-ville. Sur base d’une réévaluation de l’attractivité du site, il est prévu d’augmenter le nombre de logements de 150 à 180 et de miser sur la connexion du quartier à créer avec le centre-ville. |