Géint Recht op Avortement an der Verfassung

© rtl.lu
Fir de Kardinol wier et en trauregen Dag an eiser Geschicht, wann d'Recht op Ofdreiwung an der Verfassung vum Land géif verankert ginn.
De Staatsrot hat jo gréng Luucht fir en entspriechende Gesetzprojet ginn. Vill Deputéiert, Gewerkschaften an Organisatiounen sinn dofir. E Méindeg de Moien ass nach eng Manifestatioun vum Planning Familial a vum CIF Fraen an Gender mat deem Uleies virun der Chamber an der Stad.
De Jean-Claude Hollerich warnt ausdrécklech do virdrun, d‘Recht op Ofdreiwung an d‘Constitutioun anzeschreiwen: et kéint Leit an de Rietsextremismus dreiwen.
Seng Argumentatioun ass déi hei: gesetzlech ass et jo erlaabt ofzedreiwen. Wann dat an der Verfassung géif verankert ginn, géif een de Leit eng Meenung opzwéngen. Doktere kéinten eventuell net méi refuséieren, eng Ofdreiwung z‘exekutéieren, gëtt de Jean-Claude Hollerich ze bedenken. Ma hie géif och Fraen vun all Alter kennen, déi net domat d‘Accord wären. Deene géif eng Meenung opgezwonge ginn. An deem Zenario hätt eis liberal Demokratie Zich vun engem totalitäre System. Leit déi net mat der opgezwongener Meenung averstane wären, géifen an de Rietsextremismus gedriwwe ginn. Doriwwer eraus géif et dann eng kathoulesch Minoritéit ginn, déi sech an deem Staat net méi géif wuel spieren.
De Kardinol seet hie wär net dofir, dass eng Fra déi ofdreift soll bestrooft ginn, mä hien ass kloer géint den Avortement. Hien appelléiert un d‘Politiker, sech och iwwer déi laangfristeg Konsequenzen vun där Decisioun Gedanken ze maachen.
Hei fannt Dir déi ganz Emissioun vum "Background am Gespréich" mam Jean-Claude Hollerich.