Nei Verpackungsmaterialie maachen d'Offalltrennung an de Stéit méi schwéier

© Chris Meisch / RTL
An all Haushalt huet se hir Plaz an ass beim Recyclage net méi ewechzedenken. Rieds ass vun der Valorlux-Tut.
Dës ass zanter 29 Joer am Ëmlaf a sammelt Plastik, Metallverpackungen a Gedrénkskartongen.
Ma net alles ka recycléiert ginn. Ongeféier zéng bis fofzéng Prozent vum Inhalt besteet aus Materialien, déi technesch bal onméiglech ze recycléiere sinn. Am europäesche Verglach läit Lëtzebuerg am Mëttelfeld, wat de Recycling ugeet. Zil ass et, den Taux vum Recycling ze erhéijen. Ëmmerhi schreift d‘EU vir, dass bis 2030, 70 Prozent vun de Verpackunge musse recycléiert ginn.
Viru véier Joer gouf de Valorlux Pilotprojet am ganze Land ausgebaut: an de bloen Tuten dierfen zënterhier méi Verpackungen erageheit ginn, fir dem Recyclage zougefouert ze ginn. De Claude Turping, Direkter vu Valorlux, zitt am RTL Interview en éischte positive Bilan: "Mir hu vun 2021 bis 2024 ronn 2.000 Tonne méi gesammelt, déi am Recyclage gelant sinn", esou den Direkter. Dat weist, datt de Projet positiv Impakter huet. Gläichzäiteg wier awer och de Prozentsaz u Material, dat net kéint weiderveraarbecht ginn, de "résidus de tri", vun 10 op 12 Prozent geklommen.
Déi grouss Problemkanner
Och wann a ville Stéit uechter d’Land fläisseg getrennt gëtt, kënnt also et awer ëmmer nees vir, dass Material an de Valorlux-Tute lant, dat net dra gehéiert. Sougenannte Multi-Material-Verpackungen, wéi zum Beispill Chipstuten, schwaarze Plastik, Styropor oder och nach Verpackunge vu Medikamenter, komme ganz kloer net an déi blo Tut, erkläert de Claude Turping:
"Mir wëssen och, dass d‘Verpackungslandschaft sech verännert huet. Elo gesi mir zum Beispill immens vill Pabeier-Kartrong, dee plastifizéiert ass, deen et virdrun net ginn ass, sief dat elo Gedrénksbecheren, sief dat Barquettë, wou eventuell Iessen dran ass, wat een direkt kann iessen. Dat ass eppes, dat huet sech entwéckelt iwwer d‘Zäit, dat war soss ëmmer am puere Plastik, haut ass dat am plastifizéierte Pobeier a Kartrong. Dat ass leider Gottes net recyclabel a geet weiderhin an d‘Verbrennung."
Heiansdo wieren d'Leit och onsécher, wat genee an déi blo Tuten dierf. "Et kënnt vir, datt mir Ufroen kréien – meeschtens bei méi komplizéierte Fäll, wéi z. B. Déierefuddersäck. Déi si souwisou meeschtens Multimaterial an dofir net recycléierbar", sou de Claude Turping.
Gréisser Motivatiouns- oder Wëssensdefiziter erkennt hien awer net. Am Géigendeel: vu Joer zu Joer géif d'Quantitéit u gesammeltem Material ëm ronn fënnef Prozent klammen – eng Hausse, déi iwwert dem Populatiounswuesstëm läit.
Keen Duercherneen an der Ketten
Et hätt och kee schwéieren Impakt op d‘Recyclingsketten, wa falsch getrennt gëtt, seet de Claude Turping. Dës Produite ginn dann aussortéiert a landen net an der normaler Verbrennungsanlag. Se ginn duerno opbereet, an an Asazbrennstoff transforméiert, deen zu Lëtzebuerg an der Zement-Industrie agesat gëtt. Eng thermesch Revaloriséierung.
Dass bis 2030 70 Prozent vum Verpakungsoffall recycléiert gëtt, gesäit den Direkter vu Valorlux als realistesch. De gréissten Effort misst awer bei der Verpackung selwer gemaach ginn:
"Dat heescht, d‘Verpackung muss esou konzipéiert sinn, dass se recyclabel ass, vu vir eran. Op där aner Säit hu mir awer och mat 'Hein Déchets', déi fir eis d‘Trennung maachen en neie Kontrakt ënnerschreiwen, do gëtt nach eemol an d‘Anlag d'nächst Joer investéiert, fir an déi Richtung och nach ze schaffen, sou dass mir awer zouversiichtlech sinn, dass mir 70 Prozent kënnen erreechen."
Ambitiéist Zil: 70 Prozent bis 2030
A Punkto Plastik komme mer den EU-Virgaben effektiv nach net no. Eng Pist ass jo hei, wa bis d‘nächst Joer net 80 Prozent vum Einweg-Plastik an der Kollekt ass, datt och zu Lëtzebuerg e Pfand-System agefouert kéint ginn. Dee gesäit de Claude Turping awer als relativ komplizéiert:
"Den Haaptgrond, firwat de Pfand fir Lëtzebuerg komplizéiert ass, ass dass mir eise Schätzungen no 90 Prozent vun deem, wat hei a Lëtzebuerg consomméiert gëtt, virun allem Gedrénks, aus der Belsch kënnt. Wa Lëtzebuerg elo wéilt ee Pfand-System eleng op d‘Bee stellen, da géing dat entweder bedeiten, dass all eenzel Fläsch misst separat ëmetikettéiert ginn, wat een enormen Opwand ass. Oder dass een einfach géing soen, mir akzeptéieren an eisem Pfand-System all Fläsch vun deem Typ. Dat géing da bedeiten, dass d'Frontalieren oder Touriste kéinten hir Fläsche vun Doheem matbréngen an dann hei géint de Pfand ëmtauschen."
Och wann zu Lëtzebuerg sollt e Pfand-System ageféiert géing ginn, géif d‘Valorlux awer weiderhin en zentraalt Instrument am Recycling bleiwen.