Internet vun Eltrona geet rëm bal iwwerall

© AFP
RTL-Nolauschterer no wier de Reseau no de Beschiedegungen nach ëmmer net rëm ganz operabel. Et wieren awer just nach eenzel Ausfäll, sou den Operateur.
Nodeems en Donneschdeg de Reseau vun Eltrona bei Creos-Aarbechte beschiedegt gi war, hu verschidde Gemengen am Oste vum Land nach ëmmer keen Internet. Wéi Eltrona op de soziale Medie matgedeelt hat, sollten d'Servicer Tëlee an Internet eigentlech nees fonctionéieren.
Et géingen awer ëmmer nach Plaze ginn, wou de Problem net behuewe wier, wéi RTL e Freideg Owend vu betraffene Leit gemellt krut. Op Nofro hin krute mir e Samschde Moie confirméiert, dass de Problem am Prinzip behuewe wier. Vereenzelt kéim et just nach zu Stéierungen oder Dysfonctionementer. An deem Fall sollt een d'Kabelen all eng Kéier erauszéien an erëm astiechen, an da misst et rëm goen, war d'Erklärung op der Helpline.