Eng Rei Leit sinn e Freideg Owend negativ opgefall. Iwwerfäll, alkoholiséiert Passanten a riskant Fuermanöveren an der Nuecht goufe constatéiert.

An der Stad koum et zu engem spektakulären Tëschefall

E Samschde Moie fréi ass de Policebeamten an der Stad en Auto opgefall, dee mat héijer Vitess vun der Rue Large an d'Rue Sigefroi ofgebéit ass. Well d'Automobilistin hiert Manöver awer falsch getimt hat, ass si do iwwer Trape gefuer an hiren Auto sollt doduerch kuerz ofgehiewen. Den Alkoholtest war positiv, de Fürerschäin gouf agezunn an de futtissen Auto ofgeschleeft.

Och e Freideg Owend war vill lass

E Freideg Owend gouf der Police en Iwwerfall um Kierchbierg gemellt. Dräi Täter hate géint 20.30 Auer eng Persoun mat engem Messer bedréit an hir d'Gesiicht geschloe fir un hire Portmonni ze kommen. Dono si se geflücht, mee wéineg méi spéit konnten dräi presuméiert Täter gestallt ginn. Zwee vun hinne goufen an eng sozialpedagogesch Ariichtung zréckbruecht, an där se scho mol waren. Déi drëtt Persoun gouf op Uerder vum Parquet an eng Anstalt fir Erzéiung bruecht.

Ze déif an d'Glas gekuckt

Géint 21.30 Auer ass enger Patrull op der Place de la Gare eng staark alkoholiséiert Persoun opgefall, déi e puer Mol iwwert déi vill befuere Strooss wollt goen. Iwwert den Zebrasträife wollt se och no puer Opfuerderungen net goen, an huet sech och no a no méi aggressiv de Beamte géintiwwer beholl. Resultat war eng Nuecht an der Zell fir auszeniichteren.

Zur selwechter Zäit war et virun engem Lokal an der Rue du Fort Wedell eng Persoun, déi anerer belästegt huet. Bei der Kontroll wollt de staark alkoholiséierte Mann sech net berouegen, sou dass hien an de Passagearrest koum.