E Freideg Owend koum et op der Collectrice du Sud zu engem Accident. An der Nuecht hat eng Chantierstoilette gebrannt.

Kuerz virun 22 Auer e Freideg Owend ass op der A13 a Richtung Schengen en Auto accidentéiert. Dobäi sinn zwou Persoune verwonnt ginn. D'Accident war tëscht Schëffleng a Keel.

Géint 3 Auer hënt waren d'Pompjeeë vun Esch-Uelzecht am Asaz, well an der Rue des Charbons eng Dixi-Toilette gebrannt huet. Dobäi ass kengem eppes geschitt.