47 Zaldote vereedegt a 40 Zaldote mat Medail geéiert
Et war e groussen Dag fir 47 Jonker, déi um Freideg zu Wolz beim Streikmonument als Zaldote vereedegt goufen.
Si gehéieren zu der 206. Sessioun vu Rekrutten an et war en aussergewéinlech gudde Joergang mat engem Taux de réussite vu knapp 90 Prozent.
De Generol Steve Thull, de Chef d'Etat-Major vun der Lëtzebuerger Arméi sot, et hätt een am Ufank gehofft, datt méi Leit d'Formatioun géife maachen, mä wann een um Enn géif kucken, wéi vill Jonker et gepackt hunn, wier ee méi wéi zefridden.
D'Lëtzebuerger Arméi brauch an deenen nächste Joren awer nach däitlech méi Leit. Bis zu 650 Persounen a ganz ënnerschiddleche Karriären, wéi d'Verdeedegungsministesch Yuriko Backes präziséiert huet.
"Vun Zaldotinnen an Zaldoten bis zu Experten zum Beispill am Cyberberäich oder am Satellitteberäich just fir e puer Beispiller ze ginn. Dat heescht, ech mengen, do ass wierklech fir all Karriär, fir all Beruff eppes dobäi. Mir kucken natierlech zu Lëtzebuerg, wou mer déi Profiller fannen, mä och an der EU."
Lëtzebuerg huet kee Choix a muss sech, zesumme mat sengen Alliéierte besser opstellen, esou d'Yuriko Backes. Dat géif bedeiten, datt ee muss investéieren an déi national Defense, mä och an déi kollektiv Verdeedegung. Dat bedeit och Personal ze rekrutéieren, well ouni Zaldotinnen an Zaldoten kann ee sech net verdeedegen.
De Generol Steve Thull ass als Chef vun der Arméi zouversiichtlech, datt dat klappt.
"Dee wichtegste Punkt bei der Saach ass deen, datt déi Targets, déi mer 2021 vun der NATO kritt hunn, do ware mer elo grosso modo on track fir dat alles kënnen ze realiséieren. Mat deem, wat mer dëst Joer dobäi kritt hunn, de capability targets 2025, do gesäit dat Ganzt nach eng Kéier anescht aus. Dat war natierlech net Deel vun deene Pläng, déi mer bis elo haten. Dofir si mer elo, zesumme mat der Ministesch amgaang ze kucken, wéi mer eis kënnen opstelle fir d'Zukunft."
Dobäi géif ee ganz innovativ virgoen, esou de Generol Steve Thull. Et géife verschidde Weeër ginn. Den Déngscht, deen d'Leit an der Arméi leeschten, misst méi honoréiert ginn, dat huet och d'Ministesch an hirer Ried ënnerstrach, well d'Leit hätten do keen Alldagsjob. Op déi aner Weeër wollten d'Ministesch an och de Chef d'Etat-major awer nach net agoen.
Nieft deenen 47 Fräiwëllegen déi vereedegt goufen, kruten och 40 Zaldoten eng Medail fir hiren Asaz op enger Missioun am Ausland.