Den Niveau vum Stauséi ass dëse Summer ronn 2 bis 3 Meter méi niddereg wéi soss. Dofir ginn et awer Erklärungen.

De Stauséi zielt am Summer zu de beléifte Fräizäit-Destinatiounen hei am Land. Zanter 2021 ass och d’Solarboot vum Naturpark Uewersauer en Highlight fir déi, déi de Séi an d'Natur ronderëm wëllen entdecken. Normalerweis ginn déi pedagogesch Touren nach bis an den Hierscht ugebueden. Dëst Joer war awer schonn den 1. September Schluss.

Lauschtert hei de Reportage

Sécherheet geet vir

Well de Waasserpeegel am Stauséi esou niddereg ass wéi scho bal 15 Joer net méi, war eng weider Notzung vum Boot ze riskant. De Ponton, also d'Bréck fir op d'Boot, ass ze steil biergof gaangen, soudass de Naturpark decidéiert huet, de Betrib aus Sécherheetsgrënn anzestellen.

RTL

© Ken Fitzke/RTL

Normalerweis dierf de Séi am Summer bis op 320 Meter gefëllt sinn, am Wanter bis op 317. De Moment läit den Niveau awer just bei 313,6 Meter. Dat hänkt domat zesummen, dass d’Ponts et Chaussées am Wanter um Ufer zu Ënsber geschafft huet, fir ze verhënneren, dass dëst zesummestierzt. Fir dëse Chantiere maachen ze kënnen, gouf Waasser ofgelooss. Well duerno de groussen Reen ausbliwwen ass, ass de Niveau net méi wéi gewinnt eropgaangen.

Automatesch Noutiwwerlaf an der Maach

Parallel dozou gëtt un engem groussen neie Projet geschafft: engem sougenannte Evacuateur d’écru, also enger Héichwaasserentlaaschtungsanlag. Am Géigesaz zum aktuelle System misst de Staudamm dann net méi manuell opgemaach ginn, fir Waasser ofzeloossen. Beim neie Konzept géif d’Iwwerschosswaasser automatesch kontrolléiert oflafen ouni iwwert de Barrage ze spruddelen, wat fir d'Stabilitéit vum Bauwierk geféierlech kéint ginn.

RTL

© Céline Spithoven/RTL

Fir d’Waasserversuergung ass dat e grousse Plus, wéi de SEBES-President André Weidenhaupt erkläert: Wann déi nei Anlag a Betrib geet, misst am Wanter kee Waasser méi ofgelooss ginn. De Waasserstand kéint also méi konstant gehale ginn, an esou Situatiounen, wéi se dëst Joer opgetruede sinn, wiere vermeidbar.

Genuch Drénkwaasser do

Och wann de Séi visuell vill méi niddereg ausgesäit: mat iwwer 30 Millioune Kubikmeter Waasserreserven ass d’Drénkwaasserversuergung fir d’Land sécher. Pro Mount gi just ronn 1,5 bis 1,8 Millioune Kubikmeter vun der SEBES gebraucht. Een Thema bleift awer - d’Qualitéit: Wa méi Waasser am Séi ass, gëtt d'Waasser automatesch méi waarm an da kann et zu Keime kommen. Dofir muss beim Traitement méi genee opgepasst ginn. Dat hätt een mat der neier Anlag zu Esch-Sauer awer am Grëff.

RTL

D'Drénkwaasser-Anlag vu SEBES / © Ken Fitzke/RTL

Keng Tourismus-Brems

Fir de Naturpark Uewersauer ass et bedauerlech, dass d’Solarboot net méi bis an den Hierscht fuere kann. D’Boot spillt eng wichteg pedagogesch Roll, besonnesch fir Schoulklassen a Gruppen. Awer op den Tourismus selwer huet dëst nëmme wéineg Afloss. "Mir hunn nach ëmmer eng grouss Offer u Wanderungen an Aktivitéiten, déi d’Leit unzéien, och wann d’Wieder net ëmmer optimal ass“, esou de Jeff Gangler, President vum Naturpark.

Och wann de Waasserniveau am Moment méi niddereg ass wéi gewinnt, besteet also keng Gefor fir d’Drénkwaasserversuergung. Déi eenzeg Konsequenz: dat populäert Solarboot muss méi fréi Paus aleeën. Fir de Rescht bleift de Stauséi eng sécher an attraktiv Destinatioun.