D’Lëtzebuerger Delegatioun huet bei den EuroSkills 2025 zu Herning an Dänemark en historesche Succès gefeiert.

19 jonk Fachleit aus 16 verschiddene Beruffer hunn de Grand-Duché bei den EuroSkills 2025 vertrueden – mat den Experten, Jurysmemberen a Begleeder war et eng Delegatioun vu méi wéi 40 Leit.

De Bilan: eng Sëlwermedail am Landscape Gardening fir den Duo Nico Fuchs a Florian Theisen a véier Exzellenzmedailen an de Kategorien automobile technology, web development, hotel reception a plumbing & heating.

De Bildungsminister Claude Meisch huet der Ekipp aus dem Grand-Duché iwwer déi sozial Medie felicitéiert.

De Succès ass och d’Resultat vun enger méi laangfristeger Strategie mat nationale Championnater, intensiven Trainingen an der Participatioun un internationale Competitiounen. Mam Bléck op d'EuroSkills 2027 zu Düsseldorf, wou Lëtzebuerg Co-Organisateur ass, soll dës Dynamik nach gestäerkt ginn.
Mat Initiativen ewéi dem Programm Skill Boosters vum SCRIPT (Service de Coordination de la Recherche et de l'Innovation pédagogiques et technologiques) soll de "Skills-Virus" elo och an de Schoule verbreet ginn, fir de Perspektiven an de Beruffswelten nach méi Visibilitéit ze ginn.