Cargolux-HNCA-DealChinese bezuelen 120 Milliounen Dollar fir 35% vu Parten

A China huet den Transportminister François Bausch een Accord ënnerschriwwen tëscht Lëtzebuerg an der HNCA fir d'Iwwerhuele vu 35% vun de Parten.

Deen Accord gesäit ënnert anerem den Developpement vun enger sougenannter "Dual Hub Strategy" vir, also den Developpement vun engem europäeschen Logistikzenter um Fluchhafen Lëtzebuerg an anersäits ee chineseschen Logistikzenter um Fluchhafen vun Zhengzhou. 

An enger éischter Phase soll d'Cargolux 4 Mol d'Woch op déi Destinatioun fléien. D'HNCA huet fir déi 35% Parten vun der Cargolux ronn 120 Milliounen Dollar op den Dësch geluecht, an engagéiert sech ee Promotiounsfong vu 15 Milliounen Dollar an ze féieren, fir den Developpement vun där sougenannter "Dual Hub Strategy".

Deen neie Partner engagéiert sech dann och nach fir eng Augmentatioun vum Kapital vun der Cargolux, déi fir Fréijoer 2014 virgesinn ass.