De Wocheréckbléck vun der RTL-Redaktioun.

Vill ze di fir d'Police

E Méindeg koum et zu engem Fall vun Homejacking zu Eeschwëller. Dräi bis véier maskéiert Persounen haten d'Awunner iwwerwälteg, d'Wunneng duerchwullt a Bijouen a Boergeld geklaut. D'Sichaktioun vun der Police ass ouni Succès bliwwen. Fir e Mann, deen Enn Juli zu Péiteng Auteur vun engem Iwwerfall war, ze fannen, huet d'Police dann elo d'Phantombild vum presuméierten Täter publizéiert.

Et rumouert beim Samu

An Zukunft wëllen d'Urgentisten och kënne beim Samu matfueren. Bis ewell war dat net méiglech, well hinnen déi néideg Spezialisatioune gefeelt hätten. Si maachen Drock beim CGDIS, fir datt de Référentiel vum Samu soll ugepasst ginn. D'Anästhetisten, déi aktuell als Dokteren beim Samu dobäi sinn, gesinn dëst kritesch, well d'Urgentistë wuel eng gutt Formatioun hätten, mä hinnen d'Routine vun den Anästhesiste géif feelen.

Hurrikan Melissa hannerléisst seng Spueren

Wärend vill Géigenden, déi direkt oder indirekt vum Melissa getraff goufen, vun Zerstéierung, Doudegen a Blesséierte schwätzen, ass Jamaika besonnesch uerg vum Tropestuerm erwëscht ginn. Mat iwwer 295 km/h ass d'Melissa iwwer d'Insel gezunn, déi elo zu engem Katastrophegebitt deklaréiert gouf.

"2+" soll fir jidderee gëllen

An noer Zukunft wäert kontrolléiert ginn, ob d'Spuer fir de Covoiturage op der A3 och just vu Leit genotzt gëtt, déi op d'mannst zu zwee am Auto ënnerwee sinn. Radare wäerten dat kontrolléieren. Wien awer mengt, eleng am Auto ze sinn an déi Spuer ze notzen, muss mat enger Amende vun op d'mannst 74 Euro rechnen.

Finaliste sti fest

Zanter den Donneschdeg wësse mer, wien an der grousser LSC-Finall an der Rockhal Enn Januar wäert mat dobäi sinn. Aus den 58 Kandidaten, déi sech ugemellt, konnten aacht Sängerinnen, Sänger respektiv Bands d'Jury iwwerzeegen. A ronn dräi Méint hu si dann elo d'Chance, fir ze weisen, datt si déi Richteg sinn, fir Lëtzebuerg beim Eurovision Song Contest ze vertrieden.

Clovis Degrave ass Kach vum Joer

E Méindeg goufen d'Gewënner vum Gault&Millau 2026 fir Lëtzebuerg bekannt gemaach. Dobäi gouf de 35 Joer ale Clovis Degrave aus ënner anerem dem "Grünewald Chef's Table" zum Kach vum Joer ernannt. Beschte jonke Kach ass den Archibald de Prince, deen Enn 2024 den Iechternacher "Vieux Moulin" iwwerholl an ëmgewandelt hat.

Justiz gefuerdert

Wärend de Parquet géint e fréieren Direkter vum "Lëtzebuerger Kannerduerf" wéinst sexueller Belästegung ermëttelt, ass eng méi komplizéiert Familljenaffär aktuell um Geriicht. De Familljememberen nämlech gëtt virgehäit, hei am Land de Mord um Partner vun der Mamm geplangt an dëst dann och a Portugal duerchgefouert ze hunn. Fir dräi vun de véier Ugeklote freet de Parquet dowéinst och liewenslängleche Prisong.

Allerhellegen an Allerséile sti virun der Dier

Et ass Traditioun zu Lëtzebuerg, datt op Allerhellegen an Allerséilen d'Griewer geseent ginn. Et sinn déi Deeg, wou hei am Land de Verstuerwen geduecht gëtt. Wéi all Joer gëtt Cathol.lu dann och eng konkret Lëscht eraus, wéini d'Griewer wou geseent ginn. Dëst geet vum 31. Oktober bis nach den 9. November. De kompletten Iwwerbléck fannt Dir hei.