No 20 Auer ass d'Q8 Tankstell iwwerfall ginn. Den oder d'Täter konnt(e) flüchten a gi vun der Police gesicht.

Um Briddel ass um Freideg Owend d'Q8-Tankstell iwwerfall ginn. Eng oder méi arméiert Persounen hätten d'Personal opgefuerdert, all d'Geld eraus ze ginn. Dono konnten se flüchten. Vun der Police gouf direkt eng Sichaktioun ageleet, ënnert anerem mam Helikopter.

Vun offizieller Säit ass et de Message, verdächteg Persounen am Raum Briddel direkt ze melle bei der Police, a kee matzehuelen deen Autostopp mécht.