Den 1. an 2. November ginn traditionell Allerhellegen an Allerséile gefeiert.

Den 1. November feiere mir Allerhellegen. Op deem Dag gi jo traditionell d’Griewer geseent an et gëtt de Verstuerwenen aus der Famill an aus dem Bekanntekrees geduecht. Wat ass dann d'Bedeitung vun Allerhellegen, a wou kënnt dës Traditioun, déi jo bis haut unhält, eigentlech hier?

Wat stécht hanner Allerhellegen? / Reportage Céline Eischen

D’Fest op Allerhellege geet zréck op den Ufank vun der Kierch. Ëm dat fënneft Joerhonnert gouf ronderëm Ouschteren een Dag festgehalen, op deem déi Helleg solle geéiert ginn. Eréischt ëm dat 6. Joerhonnert ass dunn awer decidéiert ginn, Allerhellegen den 1. November ze feieren. Et ass ee Fest vun allen Hellegen, esou de Maacher Dechen Claude Bache:

"Allerhellegen ass e Fest, wat mer an der Kierch feieren, e Fest vun, wéi den Numm et seet, vun allen Hellegen. Dat heescht vun all deenen, déi schonn ukomm sinn um Zil vun hirem Liewen. Als Chrëschte gleewe mir, dass d'Liewen net eriwwer ass mam Liewen hei op der Äerd, mä dass mer duerno an dat éiwegt Liewen iwwerginn an déi Helleg, déi mer op deem Allerhellege feieren, sinn eben alleguerten déi, déi schonn do um Zil ukomm sinn. Dat heescht net nëmmen déi offiziell kanoniséiert Helleg, déi mer an eise Kierche veréieren als Helleger, mee all Leit, déi ukomm sinn um Zil vun hirem Liewen am Himmel, kéinte mer soen."

Deenen, déi nach net un dësem Zil ukomm sinn gëtt dann den Dag drop den 2. November op Allerséilen geduecht.

"Allerséile sinn am Fong déi aner, déi nach net ukomm sinn, dat sinn déi, déi begruewe sinn, wou mer soen, déi nach ënnerwee sinn op hirem leschte Wee, eben, mir nennen dat Purgatorium, an déi aarme Séilen eigentlech, déi nach eist Gebiet brauchen, fir datt se och eng Kéier do ukommen, wou se da beim Härgott sinn."

Zwee Deeg also, wou et ëm déi geet, déi net méi bei eis sinn. Dësen Doudekult héich ze halen, wier dem Abbé Claude Bache no net nëmmen der Kierch wichteg, mä wier och eng wichteg Komponent an eiser Gesellschaft.

"D'Kierch ass net nëmmen déi Leit, déi op der Äerd sinn. Dat sinn och déi, déi scho virun eis do waren. An duerfir ass ëmmer deen Doudekult héichgehale ginn a mir sinn op d'Griewer vun deene Verstuerwene gaangen, fir deenen hire Sig iwwert den Doud eigentlech ze feieren. An ech denken, et muss ee bal esou soen, esou wéi mer mat deenen Doudegen ëmgeet, esou géife mer och mat deene Liewegen ëmgoen, soen ech ëmmer. Dat heescht, wa mer haut den Doudekult ëmmer eroffueren an net méi déi Doudeg esou respektéieren, wéi mer dat eigentlech wärend Joerhonnerte gemaach hunn, dat seet eppes aus iwwert eis Gesellschaft."

D’Traditioun vun Allerhellege wier ee Wäert, ee Familljegeescht, fir zesummenzekommen an un déi ze denken, déi virun eis do waren a vun deene mir d’Liewe geschenkt kritt hätten. Den Abbé Claude Bache géif sech wënschen, datt dësen Aspekt vun der Famill och an Zukunft géif erhale bleiwen.
 
Alleguerten d'Informatiounen zu de Griewerseenungen a Massen fannt Dir an eisem Artikel.