Eng nei Etüd aus den USA deit drop hin, dass den mRNA-Vaccin géint de Coronavirus sech positiv op d'Immuntherapie bei Kriibspatienten auswierkt.

Enger neier Etüd no, déi den 22. Oktober an der wëssenschaftlecher Zäitschrëft “Nature” publizéiert ginn ass , kéint den mRNA-Impfstoff géint COVID-19 a verschiddene Fäll ee positiven Afloss op den Therapieverlaf bei Kriibspatiente hunn. Konkret kéint d’Impfung dobäi hëllefen, datt d’Immuntherapie bei de Betraffene besser uschléit, erkläert den Onkolog a Kriibsfuerscher, Dokter Guy Berchem, dee sech d’Etüd fir eis ugekuckt huet.

Dee positiven Nieweneffekt bei Kriibspatienten wier awer éischter zoufälleg opgefall. D’Etüd suggeréiert, datt wann ee Kriibspatient an deenen 100 Deeg, wou en den mRNA-Vaccin kritt huet, och eng Immuntherapie krut, datt déi da besser géing funktionéieren, an datt de Patient och däitlech méi laang lieft, wéi ee Patient, deen de selwechten Traitement krut, mee ouni mRNA-Impfung virdrun. D'Warscheinlechkeet no dräi Joer nach um Liewen ze sinn, huet sech bei de Betraffene mat mRNA-Impfung quasi verduebelt. Nach sinn et just éischt Erkenntnisser, déi op Donnéeë vu Ronn 1.000 Patiente baséieren. Et wier awer een Hiweis, datt d’Impfung bei enger Immuntherapie op alle Fall net géing schueden, mengt den Onkolog a medezineschen Direkter vum CHL.

Dat wier eng Fro, déi d’Kriibspatienten dacks géinge stellen. Ob se iwwerhaapt dierften eng Impfung maachen, wärenddeem se eng Immuntherapie kréien. Aus Suerg, datt d’Impfung den Effekt vun der Immuntherapie géing annuléieren. Elo schéngt et awer esou, wéi wann d’Impfung den Effekt vun der Immuntherapie esouguer verstäerke géif. Déi wierkt iwwerdeems, wéi den Numm et undeit, net direkt op eng Tumeur, mee op den Immunsystem. Wéi den Dokter Berchem erkläert, géing d’Tumeur et fäerdeg bréngen, den Immunsystem vum Patient ze “entschlofen”. Dofir wieren dacks an deenen Tumeure guer keng Immunzelle méi dran. Et géing ee scho jorelaang dorunner schaffen, Methoden erauszefannen, fir datt nees Immunzellen an d’Tumeur kommen a fir déi dann nees ze erwächen.
 
Ganz nei sinn d'Erkenntnisser aus der US-Etüd iwwerdeems net. Änlech Observatioune goufen och scho mat gewéinleche Grippeimpfunge gemaach. Sollt sech déi Pist konkretiséieren, da kéint d'Wierksamkeet vun Immuntherapien an Zukunft däitlech verbessert ginn, an dat ouni groussen Opwand. Dofir sinn awer nach weider Recherchen an Etüden néideg.