Am Laf vum Freideg de Mëtteg goufen d'Rettungsdéngschter op dräi Kollisiounen uechter d'Land geruff, bei deenen am Ganzen zwou Persoune blesséiert goufen.

Wéi de CGDIS schreift, wier et deemno kuerz viru 14.30 Auer an der Rue Bommel zu Uewerkäerjeng zu enger Kollisioun tëscht zwee Autoe komm. Eng Persoun gouf beim Accident blesséiert a vun de Rettungsekippe vu Käerjeng an dem Zenter SaDiff versuergt.

Zu Nidderaanwen an der Rue G. Lippmann hat et iwwerdeem géint 14.36 Auer tëscht zwee Autoe gerabbelt. Och hei gouf et ee Blesséierten. D'Ambulancieren aus der Stad an d'Pompjeeë vun Nidderaanwen waren um Asaz.

Zu Réimech waren déi lokal Ambulancieren a Pompjeeë géint 16.20 Auer op eng Kollisioun an der Route de l'Europe geruff ginn. Hei blouf et beim Materialschued.