Beim CGDIS läit zanter enger décker Woch e Projet um Dësch, fir de Référentiel vum Service d'Aide Medicale Urgente, kuerz Samu ze reforméieren.

Den Drock fir dës Reform geet notamment vun den Urgentisten aus. Een éischten Artikel zu dësem Sujet fannt Dir hei. De Sujet ass duerch ee Communiqué vun OGBL an LCGB an d’Ëffentlechkeet geroden (De Link vum Communiqué ass am Artikel vun e Mëttwoch). Bis elo duerften, bis op e puer Ausnamen, just Dokteren an Infirmieren matfueren, déi eng Spezialisatioun an der Anästhesie-Reanimatioun hunn. Urgentisten, déi am Ausland um Samu kënne matfueren, mee hei am Land net, hunn dowéinst elo Drock gemaach. De Samu soll och fir si accessibel gemaach ginn. D’Anästhesiste gesinn dat kritesch.

De Référentiel vum Samu soll un d’Kompetenze gebonnen ginn, an net just un déi reng Anästhesie a Reanimatiouns-Spezialisatioun. Dat gesäit op mannst e Projet vir, dee beim CGDIS diskutéiert gëtt. Ma et wier awer d’Routine vun den Dokteren an Infirmieren mat genee dëser Spezialisatioun, déi den Anästhesisten no déi bescht-méiglechst Prise en charge vun de Patienten dobausse géif garantéieren, esou den Dokter Philippe Welter, President vum Cercle vun den Anästhesites-Réanimateurs:
 
"Mir soen, dat ass eisen All-Day-Business. Schwéier krank Patienten ze iwwerwaachen, Anästhesië vun deenen ze maachen, eppes géint de Wéi ginn, och am OP, fir déi ze geréieren, wou et extreem kritesch ass, ob dat elo vun de Longen, schlecht Longen oder schlecht Häerz, dat ass eisen All-day-Business. Dat hu si (Urgentisten) net, well si dat eeben an hirer Praxis hei, op jiddefalls am Land, dann un eis ofginn. An et ass déi Kompetenz, déi mer och wëllen dobaussen hunn. Wa si e Problem an der Urgence hunn, ruffe se eis, mee mir ruffe si net. Mir sinn am Fong dee leschte Ressort, fir de Patient en charge ze huelen. Dobaussen op der Strooss, soen ech emol oder bei de Leit doheem, kënne se keen noruffen. Et ass nämlech keen do."
 
Déi Routine, hunn net nëmmen d’Anästhesisten, mee och d’Infirmiere mat dëser Spezialisatioun. An dëse Binôme géif dem Dokter Welter no Zitat "besser funktionéieren, wéi eng Hochzäit." Där Meenung sinn och d’Infirmiere selwer, wéi de Jeff Scheer, President vun der ALIAR (Association Luxembourgeoise des Infirmier(e)s en Anesthésie et Réanimation), präziséiert:
 
"Et ass dee Binôme, wou mer ëmmer schwätzen, dee Binôme vum Anästhesist an Infirmier-Anästhesist, dee säit 1989 am Fong geholl gutt fonctionéiert, an wou se elo ufänken, dee Binôme wëllen ze trennen, obwuel déi am Spidol an alle Situatiounen, an der Reanimatioun-Anästhesie, ëmmer zesummeschaffen an dobaussen dee Moment, och ouni vill ze diskutéieren, ouni Zäit ze verléieren, sech wéi eng al Koppel verstinn. An dat ass ganz wichteg, dee Binôme esou bestoen ze loossen."
 
Et géif den Anästhesisten an de betraffenen Infirmieren no och kee Besoin ginn, fir un dëse Fonctionnement fréckelen ze goen. Eng Penurie un Anästhesisten géif et nämlech keng ginn. De Jeff Scheer preziséiert esouguer, datt de SAMU fir vill Infirmieren een Argument wier, fir d’Spezialisatioun an der Anästhesie-Réanimatioun ze maachen. Och den Dokter Philippe Welter seet, datt am Verglach zu den Urgentisten, et bei den Anästhesisten keng Schwieregkeete géife ginn, fir Leit ze fannen.
 
Anescht gesinn dat d’Urgentisten, déi op der anerer Säit Drock maachen. Nëmme well een den Titel vum Anästhesist net hätt, géif dat net heeschen, datt déi néideg Kompetenzen fir schwéier Urgence géife feelen. D’Formatioun vum Urgentiste hätt sech nämlech an de leschte Jore weiderentwéckelt, an et wier ee speziell fir schwéier Urgencen ausgebilt, fënnt jiddwerfalls d'Urgentistin Dokter Anne-Sophie Ries:

"Ech weess, wat ech maachen. Mir sinn dofir ausgebilt, staark ausgebilt. A mir geréieren eis Patienten och schwéier krank an den Urgencen. Dat hänkt elo net vun engem Diplom of. Ech mengen, dat hänkt nach eng Kéier vu Kompetenzen of. Hei fléie mer net nëmme mat Infirmier-Anästhesisten an och net nëmme mat Médecins-Anästhesistes-Réanimateurs. Mir schaffe ganz gutt zesummen. Dat klappt ganz gutt. Mir kommunizéiere ganz gutt."

Hei am Land gëtt et den Ament eng Penurie vun Urgentisten: Ënnert anerem wëlle vill Lëtzebuerger Urgentisten net zréck op Lëtzebuerg schaffe kommen, well se hei am Land net dierfen um Samu matfueren. Der Dokter Ries no géif dowéinst den Accès fir d’Urgentisten op de Samu dozou bäidroen, datt de Beruff vum Urgentiste hei am Land nees méi attraktiv gëtt.