De Regierungsrot huet enger Rei Projeten e Freideg gréng Luucht ginn.

An der Stad ginn d'Infrastrukture vun der Bunn am Kader vum Nationale Mobilitéitsplang bis 2035 ausgebaut. De Regierungsrot huet gréng Luucht gi fir den entspriechende Projet. 138 Milliounen hëlt d'ëffentlech Hand an de Grapp, fir ënner anerem en zousätzlecht Gleis tëscht Hollerech an der Stad ze bauen, fir do en neie Quai ze amenagéieren an den aktuellen Arrêt Hollerech ewechzehuelen.
 
Da gouf am Conseil e groussherzoglecht Reglement ugeholl, mat deem Veterane bei de Pompjeeën eng Allocation de Reconnaissance vu 520 € d'Joer zougesprach kréien, dat vum nächste Joer un.*
 
Da gëtt d'Participatioun vun der Lëtzebuerger Arméi un enger EU-Militär-Missioun am Mosambik verlängert. Dat bis den 30. Juni 2028. An d'Arméi krut am Regierungsrot gréng Luucht fir 2026-2027 eng weider Kéier beim "EU-Battlegroup" matzemaachen.

*An enger éischter Versioun vum Artikel hu mir vun enger Allocation de Reconnaissance fir all fräiwëlleg Pompjeeë geschwat. Wéi den Inneministère RTL vis-à-vis preziséiert huet, wier hei e Mëssel am Schreiwes geschitt an d'Allocation de Reconnaissance wier just fir Veteranen.