Wat maachen am Fall vun "Homejacking"?
Brigange sinn op Boergeld, Bijouen oder aner Wäertsaachen aus. Am beschten et gëtt een déi gefuerdert Saachen, fir d'Situatioun net ze verschlëmmeren.
Wärend der däischterer Joreszäit klëmmt d'Gefor nees, dass Brigange bei engem doheem abriechen. Par rapport zu 2023 sinn d'Abréch awer liicht zeréckgaangen, dat vun 1.599 op 1.569 Fäll.
Vun "Homejacking" schwätzt d'Police, wann en Abroch doheem stattfënnt, wou meeschtens en Auto geklaut gëtt. Et ginn awer och Iwwerfäll mat Gewalt, an deenen d'Abriecher d'Leit am eegenen Haus menacéieren. "D'Proprietäre ginn dann eventuell gefesselt fir da Wäertgéigestänn ausgehännegt ze kréien", sou den Tim Pauly vun der Lëtzebuerger Police.
Et sollt een net den Held spille wëllen, wa bei engem doheem agebrach géif ginn. "Et weess een ni, wei déi Leit reagéieren. Hu se Waffen, wat hu se wëlles? Dat si kriminell Banden an et ass brutal.", sou nach den Tim Pauly.
Kéim een owes heem an et géif ee feststellen, dass bei engem agebrach gi wär, sollt ee beim 13 uruffen. D'Spueresécherung vun der Police géif do eng gutt Aarbecht leeschten.











