Justiz-Commissioun
Bestietnes gläichgeschlechtlech Koppelen am Hierscht

Et gouf ee politeschen Konsens, datt den Text nach virun der Summervakanz votéiert gëtt, sou dat dee Mariage vun Hierscht u wäert kënne Realitéit ginn.
D'Adoption plenière a simple sollen deen Ament och fir dës Koppele méiglech sinn. De Rapporter vun deem Projet bléif den Oppositiounspolitiker Paul-Henri Meyers vun der CSV, déi de Projet mat dréit. Domat wier eng vun de wichtegen gesellschaftleche Reforme vun der neier Regierung bannent engem gudde Joer schonn realiséiert, sou de Justizminister Felix Braz no der Reunioun. Zeenen wéi a Frankräich dierften et zu Lëtzebuerg also net ginn, wann iwwert de Mariage vun gläichgeschlechtlechen Koppelen ofgestëmmt gëtt.
Bestietnes gläichgeschlechtlech Koppelen am Hierscht
.
Am meeschte gelies