Dat fuerdert de Lex Roth vun der "Aktioun Lëtzebuergesch", deen och gär hätt, datt doriwwer e Referendum soll ofgehale ginn.

Däitsch a Franséisch sollen awer weider als offiziell Sprooche genannt a benotzt ginn.Et sinn där Referenden jo schonn en etlech am Gespréich, seet de Lex Roth, mä dat hei dat wier dann awer schonn e Besonneschen, nieft all deenen aneren Wichtegen. Ob dat d'Auslännerwahlrecht oder Wiele mat 16 Joer wier, dëst wieren jo fundamental Froen, do kéint een d'Fro vun der Nationalsprooch gutt niewebäi lafe loossen: Eis Sprooch als Vollek wier d'Lëtzebuergescht, déi offiziell Sprooche wieren awer - ee Gléck, sou de Lex Roth - d'Lëtzebuergescht, d'Däitscht an d'Franséischt.

Mä wat fir eng Fro schwieft dem Lex Roth da genee vir? Dës:

Sinn ech dofir oder dogéint, datt d'Lëtzebuergescht als eis Nationalsprooch gëllt an dat mir nieft dem Lëtzebuergeschen dat Däitscht an dat Franséischt och als offiziell Sproochen hunn?

De Lex Roth ass net dupe. Hien weess genee, datt hien mat där Fuerderung direkt an e nationalisteschen, vläit rietsextremen Eck gestach gëtt. Wat hien awer am Sënn huet, kléngt vill méi douce. Et geet ëm d'Zesummegehéieren wéi bei enger Famill. Wien dozou wëll gehéieren, deem solle mir et net ze schwéier maachen. Lëtzebuerg wier zwar een Awanderungsland, mä och een Integratiounsland. Een Assimilatiounsland, dat wier ëmmer eng Geschicht vun 2-3 Generatiounen.

D'Natioun als Famill. De Lex Roth seet, mir kéinten houfreg sinn op all eis integréiert italienesch a portugiesesch Matbierger – di Bartolomeo, Braz nennt hien – an hien hätt och keng Angscht, datt d'Sprooch ausstierft. Seng Referendums-Iddi ass awer kee Geck, et wier him ganz eescht, och de Conseil permanent pour la langue mengt et ganz eescht.

Iwwregens: deen net ganz bekannte Conseil permanent pour la langue misst als Gespréichspartner vun der Politik vill méi eescht geholl ginn.

AUDIO: Referendum-Iddi Roth/Reportage Nico Graf (I).
AUDIO: Referendum-Iddi Roth/Reportage Nico Graf (II).