Affär "Medicoleak"Sven Clement zu Geldstrof vu 500 € veruerteelt

De President vun der Piratepartei krut en Donneschdeg de Moien um Stater Geriicht um Enn vum sougenannte “Medicoleak”-Prozess eng Geldstrof vu 500 €.

Iwwer zwee an en halleft Joer no de Faite war et Enn September um Stater Geriicht zum Prozess an der sougenannter “Medicoleak”-Affär komm. Ugeklot war de Sven Clement. Him gouf de Prozess gemaach wéinst Klauen an onzoulässegem Accès zu Donnéeën.

De President vun der Piratepartei war am Januar 2012 an d’Datebank vum Médico sportif eran- an u sensibel Donnéeën erukomm. Fir dee “Medicoleak” war e Post-it op engem Laptop responsabel, op deem och de Benotzernumm an d’Passwuert stoungen. Deen Ziedel war fir all Client vun deem Médico ze gesinn.

Een am Ufank Onbekannte war dono iwwer Internet un déi zum Deel sensibel Donnéeë vun net grad 50.000 Sportler komm, déi an där Datebank erfaasst waren. Den deemolege Justizminister François Biltgen hat eng Zäit nom Tëschefall Plainte géint Onbekannt gemaach. Am Abrëll 2012 koum et dunn zu Perquisitiounen, ënner anerem beim Sven Clement, an de Mëttwoch eben zum Prozess géint de President vun der Piratepartei.

Geriicht Sven Clement - Reportage Eric Ewald



Deen huet a senger Depositioun virop de Vol contestéiert, awer den Accès zu Donnéeën zouginn. De Sven Clement hat als Volleyballer Enn 2011 e Rendezvous beim Médico, do deen ominéise Post-it gesinn, sech gefrot, ob d’Datebank ofgeséchert wär, eng Foto vum Ziedel gemaach a recherchéiert. Dass déi Donnéeë fir jiddereen accessibel waren, d.h. eng Sécherheetsfaille bestoung, hätt hie schockéiert, sou de President vun der Piratepartei. Hie wär dono der Police géintiwwer net kooperativ gewiescht, well bis zu 10 Joer Prisong wéinst eppes Minimalem, wéi eng Faille opzedecke, wär "net näischt".

De Vertrieder vum Parquet hat um Enn just eng appropriéiert Geld- a keng Prisongsstrof fir de President vun der Piratepartei verlaangt.

De Sven Clement huet nom Uerteel matgedeelt, dass e wahrscheinlech net wäert an Appell goen.

A sengem Ënnerstëtzung-Fong koumen iwwregens eng 2.000 € zesummen. De Surplus soll un eng "Whistleblower"-Associatioun goen.