D’Euroskills, dat sinn d’Meeschterschafte vun de Beruffer am europäesche Raum, an déi sinn aktuell an Dänemark zu Herning.

Ronn 100.000 Zuschauer gi sech an de Foireshale vun der dänescher Stad erwaart. An deenen Halen triede ronn 600 Jonker an hire jeeweilege Beruffer géinteneen un. Dorënner ass och eng Lëtzebuerger Delegatioun mat 19 Participanten.

"Et gesäit een, dass mir all fir dat selwecht hei sinn an dat ass mega cool ze kucken", beschreift d’Inês Lima Sampaio d’Ambiance. Si ass fir déi éischte Kéier op den Euroskills dobäi an huet sech virdrun op de Luxskills, deenen nationale Meeschterschaften, qualifizéiert. Si kënnt aus dem Beruff vun der Estheticienne.

Bei den Euroskills mussen déi jonk verschidden Aufgaben am Kader vun hirem Beruff ënner Zäitdrock an ënnert de kriteschen Ae vun Experten an Zuschauer léisen. "10 Minutten ier et lassgaangen ass, war et wierklech mega Stress", erzielt d'Inês Lima Sampaio. Duerno wär et awer ganz gutt an der Competitioun gelaf.

2027 sinn déi nächst Euroskills, an déi organiséiert Lëtzebuerg mat Däitschland zesummen. Och wann den Haaptevenement zu Düsseldorf wäert sinn, spillt Lëtzebuerg eng Roll an anere Beräicher, wéi de Luc Weis, den Direkter vum Script erkläert:

"Lëtzebuerg ass zoustänneg fir de Kaderprogramm, dat heescht fir de pedagogesche Kaderprogramm. Wann dir hei ronderëm gitt, gesi dir iwwerall esou “Try-a-Skill- Arealen. Also Plazen, wou ee kann seng Talenter entdecken. An et ass genee dat, wat mir als Script, als Service vun der formation professionelle 27 wäerte weisen zu Düsseldorf. Nämlech Manéieren, wéi ee Jonker fir Handwierks- an Industrieberuffer ka motivéieren a begeeschteren."

Nach bis de Samschdeg daueren d'Euroskills, d’Event geet mat enger grousser Ofschlosszeremonie op een Enn. Do ginn dann och déi Kandidaten ausgezeechent déi eng Medaile gewonnen hunn oder vill Punkte gesammelt hunn.