D'Patronatsvertrieder géifen nieft de Congéen och d'Stonnen a Fro stellen, déi pro Woch geschafft dierfe ginn, heescht et vun de Gewerkschaften.

D'Verhandlungen zu Drëtt funktionéieren net méi an dofir huet de CPTE keng Dosinnsberechtegung méi. Sou huet d'Union syndicale vun OGBL an LCGB en Donneschdeg de Moien erkläert, datt si net am Comité permanent du Travail et de l'emploi iwwert d'Aarbechtszäitorganisatioun géing verhandelen, obschonns dat esou aus de Sozialronnen eraus esou annoncéiert gi war.

Nodeems d'Gewerkschaften hir Analys vun de Sozialronne gemaach hunn, seet d'OGBL-Presidentin Nora Back: "Mir wëllen net eng Politique de la chaise vide maachen. Et ass net dat, wat mer maachen. Mee dir musst verstoen: Mir ginn hei ëmmer geruff a virgefouert an et ass am Fong en Farce an um Enn vum Dag gëtt d'Decisioun geholl. An dat kënne mer an engem CPTE onméiglech matmaachen."

Kéint et geschwënn eng 52-Stonne-Woch ginn? / Rep. Michèle Sinner

Virun der Vakanz hat dat nach anescht geklongen. Esou, wéi wann ee sech op deem Punkt eens gewiescht wier. D'Nora Back erkläert: "Mir hu gesot: 'Jo, wa mir eis hei eens ginn, an et ass erëm soziale Fridde retabléiert an et ass erëm Rou am System a mir hu seriö Negociatiounen, da gi mir och an de CPTE. Do hu mir eis engagéiert. Mee et ass jo keen Accord ginn."

Ma wourëms geet et bei der Aarbechtszäitorganisatioun iwwerhaapt? Am Resumé natierlech: wéi vill a wéini muss geschafft ginn. A wéini Paus ass.

"Haut däerf ee Maximum 48 Stonnen an der Woch schaffen, dat ass hinnen ze mann, si wëllen déi eropsetzen, 52 Stonnen si gefall." Si, dat sinn d’Patronen. "Du hues haut laut Gesetz 44 Stonne Repos an enger Woch, dat ass hinnen ze vill laang. Du hues tëschent zwee Deeg 11 Stonne forcéierte Repos, dat ass hinnen ze vill laang."

D’Patronatsvertrieder wéilten net just d’Congéen a Fro stellen - sief et de Congé parental, de Congé de Maternité oder aner Congéen. Ma si wéilten och eng Referenzperiod vun engem Joer, erkläert den LCGB-President Patrick Dury:

"Dat heescht, ech rechnen net op de Mount of, ob d’Leit hir 40-Stonne-Woch agehalen hunn, mee ech rechnen dat nach op 12 Méint of. Dann ass et jo logesch, datt dat zu Excèse kéint feieren, wou d’Leit gewësse Méint am Joer, wou de Besoin dann do ass, extrem sollicitéiert géife ginn an dann, wa se net gebraucht ginn, kéinte se quasi doheem bleiwen."

Et fillt ee sech un al Fuerderunge vun de Bau-Entreprisen erënnert, déi gären de Summer duerch schaffen an am Wanter doheem bleiwen. Iwwert e Joer gekuckt, géifen et da kaum Iwwerstonnen, déi extra bezuelt musse ginn. Woubäi, wéi d’Gewerkschafte betounen, esou eng annuell Referenzperiod och elo scho méiglech ass. Am Kader vun engem Kollektivvertrag, wou Géigeleeschtunge fir d’Personal verhandelt ginn.

RTL

© Pedro Venâncio / RTL