Trump wëll Medikamentepräisser an USA drécken: Konsequenze gefaart fir Europa
D'USA sinn de profitabelste Marché fir d'Pharmaindustrie. D'Medikamenter sinn do am Schnëtt bal 3 Mol méi deier wéi an aneren Industrielänner.
De President Trump wëll dat elo änneren an d'Pharmaentreprise forcéieren, hir Produiten an den USA just nach zum niddregsten Tarif weltwäit unzebidden. Experte fäerten, datt domat d'Präisser an Europa géife klammen.
Hei an Europa si Medikamenter méi abordabel wéi an Amerika. Dat huet domat ze dinn, datt d'Tariffer an der EU an och an den eenzelen EU-Länner a verschiddenen Negociatiounsronnen ausgehandelt ginn, wat an den USA net de Fall ass. Eng eventuell Beschtpräisklausel, wéi de President Trump se proposéiert, kéint Konsequenze fir Europa a Lëtzebuerg hunn.
Anne Otto, Responsabel vum Service Pharmacie Hôpitaux Robert Schuman:
"Wann den Här Trump déi Präisser wëllt erofsetzen, muss en dat natierlech och emol verhandelen. An da musse mer kucke wéi déi Präisser, déi an Amerika verhandelt ginn, wat fir een Impakt dat effektiv an Europa wäert hunn. Ech ka mer virstellen, dass d'Verhandlungen, déi fir de Moment schonn net ëmmer einfach sinn, héchstwarscheinlech dann awer méi schwéier wäerte ginn."
Méi schwéier Verhandlungen, well d'Pharmaindustrie dann eng weltwäit méi héich Präispolitik misst aféieren, fir hir Profitter vu bis elo bäizebehalen.
Op Nofro hin preziséiert de Santésministère, datt déi aktuell Präisser stabil sinn, dat well se duerch Kontrakter festgehale an esou garantéiert sinn. Een direkten Impakt hätt d'Beschtpräisklausel an den USA also net, allerdéngs misst een d'Situatioun "ganz genee suivéieren, sollt d'Pharmaindustrie hir Strategie wéinst esou Mesuren änneren".
Schreiwes vum Santésministère:
"Zu Lëtzebuerg ginn d'Präisser vu Medikamenter no kloer definéierte Reegele festgeluecht, fir Stabilitéit a Sécherheet ze garantéieren. Fir dass e Präis fixéiert ka ginn, muss d'Hierstellerfirma eng 'Demande de fixation de prix' beim Ministère fir Gesondheet a Sozial Sécherheet areechen. Dëse Präis gëtt analyséiert a kann net méi héich leie wéi dee vum 'pays de provenance' vum Medikament. Dës Prozedur ass am Règlement grand-ducal vum 1. Dezember 2011 festgeschriwwen.
Zousätzlech ass eng Demande néideg, fir, dass d'Medikament op d''liste positive des médicaments' vun der CNS kënnt, also op déi offiziell Lëscht vun de Medikamenter, déi vun der Krankekeess rembourséiert kënne ginn. Doduerch ass garantéiert, dass d'Präisser zu Lëtzebuerg ënner Kontroll bleiwen. All Ännerung muss vum Ministère validéiert ginn, fir méiglech Problemer am Virfeld ze verhënneren.
(…)
Fir Lëtzebuerg bedeit dat: eng unilateral Mesure an den USA hätt net direkt en Impakt op eis Präisfixatioun, well dës strikt gereegelt ass. Sollt d’Pharmaindustrie awer hir weltwäit Präisstrategie wéinst esou Mesuren änneren, géife mir d’Situatioun ganz genee suivéieren an am enke Kontakt mat eisen europäesche Partner d’Noutwendegkeet evaluéieren.
Eis Haaptprioritéit bleift, de Patientinnen a Patienten en zouverlässegen an zougänglechen Accès zur Gesondheetsversuergung an domat zu Medikamenter mat faire Präisser ze garantéieren."
Konkret heescht dat awer: Och Lëtzebuerg ass net immun géint Präisverännerunge vun der Pharmaindustrie. Fir de Romain Labé vun Innovative Medecines for Luxembourg, enger Associatioun, déi de Volet vun der Innovatioun vun der Pharmaindustrie hei am Land vertrëtt, misst de Profit an der Pharmaindustrie stabel bleiwen, fir déi néideg Investitiounen ze garantéieren.
Romain Labé, General-Sekretär Innovative Medecines for Luxembourg:
"Si jamais les prix américains sont référencés par rapport aux prix européens qui sont moins chers, on va se retrouver sur une balance qui va être déséquilibrée et des revenus qui vont fortement diminuer et donc tout ce cycle de recherche et développement et d'innovation va être déséquilibré et ne va plus fonctionner. Donc c'est vraiment le risque que l'on peut voir. Et donc les conséquences de ce risque là in fine pour le patient au Luxembourg, mais aussi en Europe, ça va être des risques de hausse de prix pour rééquilibrer cette balance, mais aussi des risques de retard d'arrivée sur le marché des innovations ou voire même dans des cas extrêmes des risques d'absence d'innovation sur le marché luxembourgeois et européen."
Den IML géif de Reproche verstoen, datt d'Profitter vun der Pharmaindustrie disproportionell héich wieren. Allerdéngs géif déi ganz grouss Majoritéit an d'Recherche fléissen an doriwwer wéilt een och méi sensibiliséieren. Fir enger eventueller Präishausse entgéintzewierken, misst dem Romain Labé no an der EU méi investéiert ginn.
Romain Labé, General-Sekretär Innovative Medecines for Luxembourg:"Créer des usines en Europe, créer de l'emploi, faire grandir le PIB dans les pays, c'est créer plus de recherches au sein de l'Europe, amener des cerveaux vers l'Europe pour faire plus de recherches, plus d'essais cliniques, donc d'avoir des accès plus tôts pour les patients en Europe vers vraiment les nouveaux médicaments. Et donc c'est vraiment la seule solution, c'est de construire sur ces gains potentiels que l'Europe pourrait faire avec l'innovation médicale."
Mat dësen Investitioune wier een och op eng eventuell Beschtpräisklausel an den USA besser preparéiert, sollt déi dann iwwerhaapt agefouert ginn.