Regierungsrot muss doriwwer beroden, wéi et nom annoncéierten Out vun OGBL an LCGB am Comité permanent du travail et de l'emploi soll weidergoen.

Reaktiounen op Out vun de Gewerkschaften

Am Regierungsrot koum kuerzfristeg ee Punkt um Ordre du Jour bäi. D'Ministeren, déi um Freideg zesumme kommen, mussen nämlech driwwer beroden wéi et elo soll viru goen, nodeems d'Gewerkschaftsfront, déi jo aus OGBL an LCGB besteet, decidéiert huet, net méi am Comité permanent du travail et de l'emploi, kuerz CPTE, matzeschaffen.
 
Op RTL-Nofro hin hat den CSV-Aarbechtsminister gesot, et géif een eréischt no deenen Diskussioune kommunizéieren. D'Parteien aus der Chamber ware méi vive, si hu schonn alleguer um Donneschden reagéiert an hunn Eent gemeinsam. Si bedaueren d'Decisioun vun der Gewerkschaftsfront an hoffen, datt de Lëtzebuerger Modell net dout ass.

Virun allem d'Oppositiounsparteien hunn awer Versteesdemech fir d'Syndikater. Déi Lénk, déi schonn ugangs der Woch gesot haten, datt de Sozialdialog an hiren Aen a Schierbele läit, soen datt d'Decisioun vun de Gewerkschaften nëmme konsequent ass an déi logesch Suitte no deene leschte Méint. Den Deputéierte Marc Baum:
 
"D'Regierung huet gewisen, datt se kee responsabelen a verlässleche Mediateur méi ass tëschent de Gewerkschaften an dem Patronat. D'Regierung huet bei der Organisatioun vun der Aarbechtszäit, esou wéi se elo am CPTE sollt diskutéiert ginn, scho kloer Faarf bekannt an dréckt zesumme mam Patronat op Flexibiliséierungen op Käschten vun de schaffende Leit. Wann d'Regierung de Sozialdialog wierklech géing seriö huelen, da géif se de Sozialpartner garantéieren, bei der Organisatioun vun der Aarbechtszäit just dat ëmzesetzen, mat deem déi zwou Säiten d'accord sinn. Esou kéint een d'Vertrauen, dat fort ass, zeréck gewannen, mä dozou ass dës Regierung net capabel."

Och fir den LSAP-Deputéierten a fréieren Aarbechtsminister Georges Engel ass kloer, datt d'Regierung dës Situatioun ze veräntwerten huet. Si wier einfach net am Stand Kompromësser ze maachen.
 
"E Land léisst sech eben net féieren wéi eng Entreprise mat engem CEO. Do brauch ee Gefill fir d'Leit, fir d'Sozialpartner a fir d'Patronat, fir alles wat d'Leit esou beweegt. An ech hunn d'Gefill, dass si hei kee Gefill hunn an dat ka grave Konsequenzen hunn, well Lëtzebuerg war ëmmer e Land dat sech konnt differenzéieren vun enger ganzer Rei aneren europäesche Länner, déi kee soziale Fridden haten. Mir hate soziale Fridden hei bei eis, mir hunn et fäerdeg bruecht op dat anzegoen, wat d'Patronat an d'Gewerkschafte wollten. Am Sozialdialog, mä dat ass elo hin. Dat ass elo net méi d'actualité. Dës Regierung huet de Sozialdialog futti gemaach."
 
Fir d'Sam Tanson, d'Spriecherin vun déi Gréng an der Chamber, ass keen Zweiwel datt d'Decisioun vun der Gewerkschaftsfront d'Resultat vun all den Agissementer aus de leschte Méint ass. Si wonnert sech och iwwert d'Manéier, wéi de Premier Frieden an den Aarbechtsminister Mischo déi aktuell Situatioun aschätzen.
 
"Wat ëm sou méi verwonnerlech ass, dat ass datt déi lescht Woch nach de Premier an den Aarbechtsminister d'Situatioun wierklech verkannt hunn an der Meenung waren, et wier alles tipptopp an der Rei an eis och gesot hunn, et géif kee Plang B ginn fir déi Situatioun déi elo haut do ass an déi och viraus ze gesi war. Mir hoffen dass dee Plang B awer elo ganz séier op den Dësch kënnt, an datt se och op d'Gewerkschaften duer ginn, sech mat hinnen dohinner setzen a kucken, wéi een elo déi verschidde Problemer kann ugoen, a virun allem wéi een déi Relatioun do nees kann an d'Rei bréngen, eppes wat awer relativ wäit ewech schéngt."

Déi Gréng hunn op alle Fall eng urgent Chamberkommissioun gefrot, an där se gäre vum Aarbechtsminister a vum Premier wéissten, wéi d'Regierung elo wëll virgoen.
 
"Datt d'Gewerkschaften net méi am Comité permanent du travail et de l'emploi -kuerz CPTE- wëllen dobäi sinn ass déi logesch Konsequenz vum Diktat vum Luc Frieden fir d'Sozialronnen ofzebriechen."

Mat deene Wieder reagéiert de Sven Clement vun de Piraten. Aus der Siicht vun de Gewerkschaften wier et onméiglech nach bei Gespréichsronnen dobäi ze sinn, wou d'Zil vu vir eran wéi et schéngt géif feststoen, esou den Deputéierten.

"Da kann een och mat enger Mauer schwätzen an dat wollten se, mengen ech, evitéieren. Et muss ee jo och leider feststellen, datt de sougenannte Sozialdialog zu engem Sozialdiktat verkomm ass, wou de CEO Luc Frieden seng Positioun als Kompromëss verkaaft huet, obschonn se Moies virun de Gespréicher scho feststoung. Dofir kann een d'Gewerkschafte verstoen, mä et ass natierlech schued, well domadder déi ganz Positiounen, déi am Sozialdialog festgehale goufen a sollten am CPTE verhandelt ginn, elo net kënnen do verhandelt ginn."
 
Dat géif esouguer de minimal Kompromëss, dee verhandelt gouf, a Fro stellen, bedauert de Sven Clement.
 
D'ADR werft d'Fro op, firwat d'Gewerkschaften sech zeréck zéien a pocht op Dialog. De Fraktiounspresident Fred Keup:

"Dat do gesäit no engem Muechtkampf aus tëschent de Gewerkschaften an der Regierung. Wat mir elo brauchen, dat ass en éierleche Wëllen eppes ze verbesseren. Fir Lëtzebuerg, fir d'Leit, fir d'Wirtschaft. Kee Muechtkampf. Do muss ee Verantwortung iwwerhuelen an diskutéieren. De Konfrontatiounskurs schued letztendlech eisem Land an hëlleft kengem, och net de Gewerkschaften. D'ADR ass dofir kloer fir Dialogbereetschaft vun alle Bedeelegten."
 
Och d'Majoritéitsparteien fannen et schued, datt et esou wäit komm ass.
 
Den CSV Fraktiounspresident Marc Spautz erënnert drun, datt de Sozialdialog zënter de 70er Joren eng wichteg Roll zu Lëtzebuerg spillt an datt just iwwert dee Wee Kompromësser fir Land a Leit fonnt goufen.
Hien ass dovunner iwwerzeegt, datt et wichteg ass, deen Dialog an all de Gremien oprecht z'erhalen fir schwéier konfliktgelueden Diskussiounen och kënnen op de richtege Wee ze bréngen a Resultater ze kréien, déi am Intressi si vu Land a Leit.
 
"Ech sinn dovunner iwwerzeegt, datt et wichteg ass, datt an deene bilateralen Diskussiounen, déi et dann elo gëtt, erëm e Vertraue kann opgebaut ginn tëschent de Sozialpartner, fir datt et dono erëm méiglech ass an deem bekannte Lëtzebuerger Modell vum Sozialdialog ze diskutéieren a Léisungen ze sichen, déi eis Wirtschaft nach méi kompetitiv maachen, déi eise Leit déi Ofsécherung ginn, déi néideg ass an déi d'Leit brauche fir d'Zukunft."
 
Bedaueren och beim liberale Koalitiounspartner. D'DP-Deputéiert a Parteipresidentin Carole Hartmann:
 
"Wann een zeréck kuckt muss ee sech agestoen, datt net alles perfekt gelaf ass, besonnesch um Ufank vun der Legislaturperiod. Elo hunn d'Gewerkschaften d'Propose gemaach op bilateral Gespréicher iwwer ze goen. Domadder ass fir eis d'Dier net zou, au contraire. Fir eis ass et wichteg, datt de Sozialdialog weider leeft. Dat heescht, datt mat de Sozialpartner iwwer Sujeten wéi d'Aarbechtszäitorganisatioun diskutéiert gëtt an da muss et och kloer d'Ziel sinn, d'Sozialpartner nees all zesummen un den Dësch ze kréien an am Dialog nom gréisstméigleche Konsens op esou Sujeten ze sichen, wéi dat scho ganz laang Lëtzebuerger Traditioun ass."
 
Mir haten och beim Patronat ugeklappt, fir ze froe wéi een d'Decisioun vun der Gewerkschaftsfront do gesäit. De President vun der Unioun vun den Entreprisen, de Michel Reckinger, sot et wier eng "regrettabel" Situatioun, an den Detail wollt hien esou kuerz no der Annonce vun OGBL an LCGB awer net goen. Do géifen nach Informatioune feelen.